arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meteor-Explosioun iwwer Nordoste vun den USA léisst Haiser wackelen

USA

|
reading time

1 min

Meteor-Explosioun iwwer Nordoste vun den USA léisst Haiser wackelen

An den USA gouf et gëschter Mëttege Schreckmoment: Iwwer dem Nordosten ass e Meteor explodéiert, méi genee iwwer dem Nordoste vum Bundesstaat Massachusetts an dem Südoste vun New Hampshire.

reading time

1 min

Symbolfoto | © EPA/GEORGI LICOVSKI
Symbolfoto (Foto: EPA/GEORGI LICOVSKI)

De Meteor huet sech mat 120.000 Stonnekilometer op d'Äerd beweegt, ass dunn awer an enger Héicht vu 64 Kilometer explodéiert.

Et gouf awer en haarde Knall op der Äerd, soen Aenzeien.

Deelweis hunn d'Haiser an der Géigend gewackelt. D'Energie, déi bei der Detonatioun fräigesat gouf, wier equivalent mat 300 Tonnen TNT, seet d'NASA.