search

/ Wisou et zu Esch méi blëtzt wéi op der Musel

Wieder

|
headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Wisou et zu Esch méi blëtzt wéi op der Musel

De Wiederservice Meteolux huet eng éischte Kéier d'Donnéeë vun de leschten 12 Joer iwwer d'Verdeelung, d'Heefegkeet a besonnesch Eegenaarte vu Blëtzer analyséiert. Dat gouf et zu Lëtzebuerg nach net. Zesumme mam belsche Blëtzortungsnetzwierk BELLS huet een dobäi interessant Faiten entdeckt.

headphones

3 min

headphones

5 min

play_arrow
Donnerwieder | © picture alliance / Bonn.digital | Marc John
Donnerwieder (Foto: picture alliance / Bonn.digital | Marc John)

Zum Beispill si verschidde Regioune vu Lëtzebuerg méi ufälleg, datt de Blëtz do aschléit wéi anerer. Wärend de Risiko am Kanton Esch éischter héich ass, ass et ronderëm d’Musel méi roueg, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux.

"Bei der raimlecher Verdeelung vun den Äerdblëtzer, dat sinn déi Blëtzer, déi aschloen an de Buedem, do gesäit een effektiv, datt e puer Regiounen, zum Beispill de Kanton Esch an de Kanton Stad an och de Kanton Clierf, méi am Norde vum Land, datt do e bësse méi Aktivitéit ze gesi war an der Statistik vun deenen zwielef Joer."

Iwwerdeems hätt ee gesinn, datt och anthropogen Faktoren, wéi d'Radiosantenne zu Diddeleng oder d'Wandturbinn zu Housen en Afloss op d'Verhale vu Blëtzer hätten, esou de Luca Mathias. Duerch déi héich Strukturen aus Metall ass et an deene Beräicher nämlech méi probabel, datt de Blëtz aschléit, wéi op anere Plazen uechter d'Land.

Net nëmmen d'Natur spillt eng Roll, mee och de Mënsch

Interessant ass, datt et net nëmmen ëm déi natierlech zoufälleg Verdeelung vu Blëtzer iwwer dem Land geet, mee datt och Infrastrukture wéi Antennen oder Wandrieder do matspillen.

D’Héichsaison vun de Blëtzer ass am Juni. Ronn 85 Prozent vun de Blëtzer schloen tëschent Mee an August an. Wärend de Wanterméint ass d’Donnerwiederaktivitéit méi geréng, esou nach de Luca Mathias vu Meteolux.

"Et ass einfach eeben doduerch bedéngt, datt mir wärend de Summerméint méi eng staark Sonnenastralung hunn."

Da gëtt et, wat fir Donnerwiederen och wichteg ass, eng gréisser Fiichtegkeet.

"Déi da meeschtens aus Süden oder Südwesten eropzitt. Doduerch entsteet am Summer, mat der Sonnenastralung, Fiichtegkeet an dann och e bësse méi Labilitéit an der Atmosphär, huet een dann oft Zutaten, fir datt Donnerwiederen entstoe kënnen.”

Iwwer en Dag gekuckt ass d’Blëtzaktivitéit tëschent mëttes zwou Auer an owes néng Auer am Gréissten.

Et gëtt net nëmmen eng Form vu Blëtzer

Nieft den Äerdblëtzer, also deene Blëtzer, déi aschloen, an déi am geféierlechste fir de Mënsch oder d’Infrastrukture sinn, gëtt et nach eng elektresch Aktivitéit an de Wolleken. Da schwätzt ee vu Wollekeblëtzer. Déi ginn dee beschten Indikator dofir, wou d’Aktivitéit am Gréissten ass, seet de Luca Mathias. Doru géif een dann zum Beispill gesinn, datt d’Musel déi klengsten Aktivitéit un Donnerwiederen huet.

Elo misst ee weider déi nächst Joerzéngte kucke fir eventuell Trends kënnen ze identifizéieren. 

"Ech denken et ass och interessant fir eisen operationelle Service, fir elo alles, wat Preventioun a Relatioun mat Donnerwiederen, haaptsächlech och mam Aspekt vun de Wollekeblëtzer, datt een domadder da vläicht och e bësse méi effikass ka virun Donnerwieder warnen."

Iwwerdeems kann ee mëttlerweil op e weideren Outil zeréckgräifen, wéi de Luca Mathias verzielt.

"De Blëtzdetecteur, deen um neien EUMET-Satellit u Bord ass, deen huet elo ee Joer seng éischt operationell Phas gepackt, dat heescht 2025. Déi Blëtzdonnéeë vun deem Satellit stinn eis och zur Verfügung."

An den nächste Jore wier et interessant ze gesinn, wéi ee béid Donnéeë vergläiche kann. Et misst een da kucken ob déi eng Donnéeë besser wéi déi aner sinn, esou de Luca Mathias.

Deen EUMET-Satellit ass ee vun de Satellitten, déi Wieder, Klima an Ëmwelt iwwerwaachen. D’Donnéeë vun deem Satellit ginn all Dag fir Wiederprevisiounen a Klimafuerschung genotzt. Deen hei Satellit ass deen éischten, dee kontinuéierlech d’Blëtzaktivitéit iwwer Europa an Afrika kann detektéieren. E gouf Enn 2022 vun der europäescher Weltraumorganisatioun ESA an de Weltraum bruecht. 

play_arrow Lauschteren