Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Meteolux: No haut soll d’Situatioun sech erëm normaliséieren

Schnéi nach bis e Mëtten

Meteolux: No haut soll d’Situatioun sech erëm normaliséieren

Nach bis de Mëtten zitt dat Wiedergebitt iwwer d’Land, dat aktuell fir de Schnéi suergt, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux. Am Norde soll et nach e bëssen éischter ophale mat schneien, wéi am Süden.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

play_arrow

Bis d’Situatioun sech berouegt, kënnen am Süde bis zu 5 cm Schnéi falen. Am Norde souguer nach bësse méi, betount de Meteolog. Et wier souguer méiglech, datt de Schnéi leie bleift, bis datt d’Sonn sech am Nomëtteg weist.

De Luca Mathias erkläert awer och, datt duerch d’Minustemperaturen nuets, dee geschmolte Schnéi erëm fréiere kann an et doduerch och erëm plazeweis ka glat sinn.

Trotzdeem soll d’Situatioun sech nom Dag vun haut erëm berouegen.

Déi kal Temperature bleiwen awer nach bis ufanks nächster Woch. Vun e Méindeg un zitt dann en Déifdrockgebitt iwwer d’Land, wouduerch et och erëm zu Temperature bis 10 Grad ka kommen.

Lauschterenplay_arrow