Besonnesch wéinst "extreemen Äisreen" a "grousse Quantitéite" gëllt fir d'ganzt Land vu 6 bis 14 Auer eng Alerte rouge. De Risiko wier besonnesch am Süde vum Land héich, esou den nationale Wiederdéngscht.
Op den Autobunnen an den Haaptsstroosse gëtt massiv gestreet, mee vill aner Weeër an Trottoirë si mëttlerweil spiggelglat. Déi national Krisecellule, déi an esou Situatiounen zesummekënnt, réit de Leit d'Haus haut net ze verloossen, wann et net néideg ass.
De Luca Mathias vu Meteolux sot de Moien am 100,7-Interview, et misst een nach bis an d'Nuecht era mat där aussergewéinlecher Wiederlag rechnen. D'Schnéiwarnung gouf bis muer de Moien um 9 Auer verlängert (an éischter Versioun huet se just bis Mëtternuecht gegollt).
Temperaturen de Mëtteg eventuell kuerz iwwer 0
Onkloer wier nach, ob d'Temperaturen och de Mëtteg ënner dem Gefréierpunkt bleiwen oder net, esou de Luca Mathias. Egal wéi wier dat awer just fir kuerz Zäit well den Owend gëtt nees mat negativen Temperature gerechent. Da soll och Schnéi falen, besonnesch am Norde vum Land. Am Norde rechent Meteolux mat bis zu 20 Zentimeter Schnéi, am Süde mat bis zu 5 Zentimeter.
Kee grousse Chaos
Dee ganz grousse Wiederchaos ass de moien ausbliwwen, a vill Leit sinn am Homeoffice bliwwen an hunn d‘Haus net verlooss. Géint 5 Auer de moien ass vum Süde vum Land hier Glëtz néiergaangen, dee sech duerno iwwer de gréissten Deel vum Land ausgebreet huet.
Verschidde Volle goufen annuléiert
Well de Moien och eng Rei Volle vum Findel aus hu missen annuléiert ginn, erënnert d‘Direktioun vum Konsumenteschutz drun, datt am Fall vu Glëtz keng Indemnitéite virgesi sinn.
Allerdéngs ka sech de Client den Ticket rembourséiere loossen oder de Vol zu engem aneren Zäitpunkt nohuelen. D‘Luxair huet de Moie Vollen op Paräis, Wien, Genève a London missen ofsoen, an der Haaptsaach wéinst Problemer op den Destinatiouns-Fluchhäfen.
Weider Informatioune fannt Dir op meteloux.lu
Dësen Artikel gouf um 11:35 aktualiséiert