Radioen

On air

Notturno  |  Leonard Cohen - So Long, Marianne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Messerattack zu Siegen an Däitschland

Police geet net vun Terrorakt aus

Messerattack zu Siegen an Däitschland

Zu Siegen an Däitschland koum et gëschter zu enger weiderer Messerattack. Eng Däitsch 32 Joer al Fra huet an engem Bus op d'mannst 6 Mënsche mat engem Messer blesséiert. 3 dovunner si liewensgeféierlech blesséiert ginn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa/Sascha Ditscher | Sascha Ditscher
Foto: picture alliance/dpa/Sascha Ditscher | Sascha Ditscher

D’Police geet net vun engem Terrorakt aus. Déi Fra war der Police scho bekannt, si hätt wuel psychiatresch Problemer. De Chauffer hätt ganz gutt reagéiert, en ass stoe bliwwen an huet all d’Diere vum Bus opgemaach, sou datt nach Schlëmmeres konnt verhënnert ginn.