Radioen

On air

Kultur um 5  |  De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mëssbrauchsvirwërf géint den Abbé Pierre: Franséisch kathoulesch Kierch mécht Archiven op

Wéinst grave Virwërf

Mëssbrauchsvirwërf géint den Abbé Pierre: Franséisch kathoulesch Kierch mécht Archiven op

No de schwéiere Mëssbrauchsvirwërf géint den Abbé Pierre a Frankräich huet déi Kathoulesch Kierch elo hir Archiven zu deem Geeschtlechen opgemaach. D‘Kierchenarchive solle vun elo direkt u fir Fuerscher a Journalisten op sinn. Dat huet déi franséisch Bëschofskonferenz matgedeelt.

auto_stories

1 min

Kierch Frankräich | © picture alliance / Axiom Photographic | Paul Quayle
Foto: picture alliance / Axiom Photographic | Paul Quayle

Normalerweis wier den Accès op Dokumenter réischt 75 Joer no sengem Doud, also am Joer 2082, de Fall. Well d‘Virwërf awer sou grave sinn, géif dës Ausnam gemaach ginn. 

Den Abbé Pierre, deen 2007 gestuerwen ass, hat déi international Hëllefsbeweegung Emmaus gegrënnt a war a Frankräich als de Papp vun den Aarme bekannt. An Zwëschenzäit hunn zeg Meedercher a jonk Fraen de Geeschtlechen ugeklot, si sexuell mëssbraucht ze hunn. Dat tëscht de 50er Joren an 2000.