search

/ Mental krank wéinst soziale Medien - Zuckerberg muss a beispillhaftem Prozess aussoen

USA

|
headphones

12 min

headphones

3 min

play_arrow

Mental krank wéinst soziale Medien - Zuckerberg muss a beispillhaftem Prozess aussoen

De Mark Zuckerberg soll haut eng éischte Kéier an engem Prozess iwwer déi sozial Medien virun engem Jury zu Los Angeles aussoen. De Chef vu Meta, dem Mammekonzern vu Facebook, muss op d‘Virwërf vun enger 20-Joer aler Fra äntwerten.

headphones

12 min

headphones

3 min

play_arrow
© EPA/WILL OLIVER / POOL
(Foto: EPA/WILL OLIVER / POOL)

De Virworf vun der 20-järeger Fra ass, datt d'Social-Media-Plattformen extra esou konzipéiert goufen, datt se d'Notzer:innen ofhängeg maachen. Als Beispill nennt si d'Méiglechkeet vum endlose Scrollen, bei deem ee mat nëmmen enger Fangerbeweegung op den nächste Bäitrag kënnt.

Depressioun an Angschtzoustänn als Konsequenz

D'Suitten, déi si dovunner gedroen hätt, wieren Depressiounen, Angschtzoustänn an eng Onzefriddenheet mat hirem eegene Kierper. D'Notze vu soziale Medien hätt hir Kandheet ruinéiert, sot hir en Affekot. Déi jonk Fra hätt sech schonn am Alter vu sechs Joer YouTube-Videoen ugekuckt an hätt méi fréi wéi erlaabt en Instagram-Account gehat.

Duerno wieren TikTok a Snapchat dobäi komm. D'Filteren op Instagram hätten dozou gefouert, datt si sech an hiren eegene Kierper ëmmer méi onwuel gefillt hätt. Beispillsweis hätten Algorithmen hir och Rotschléi ugewisen, wéi nëmmen eng Kornischong pro Dag ze iessen, fir ofzehuelen.

Beispillhafte Prozess 

De Prozess zu Los Angeles ass beispillhaft. Honnerten aner Kloe bezéie sech op ähnlech Virwërf.

Kloe géint d'Tabakindustrie aus der Vergaangenheet kéinte vergläichbar sinn. Do gouf den Tabakfirmen an den USA virgeheit, hire Konsumente bewosst verheemlecht ze hunn, datt Zigarette süchteg maachen. D'Konzerner missten doropshin Milliarden Dollar a Gesondheetskäschte bezuelen.

Virum Prozess haut hate Firmen, wéi Snapchat an TikTok, sech op e Jugement sur accord mat der Fra geeenegt. Dat bedeit, datt sech d'Fra mat den ugeklote Firmen eens ginn ass, a se domat eng Zort Deal agaange sinn.

Anscheinend kee Risiko vu klinescher Sucht

Instagram a Youtube hu sech entscheed, dëse Fall viru Geriicht ze klären. Instagram behaapt, datt d'Leit süchteg wéi no enger Fernsehserie kéinte ginn, datt d'Méiglechkeet vun enger klinescher Sucht awer net bestoe géif.

Ëmmer nees verweist Meta op Moossnamen, déi si zum Schutz vu Jonken agefouert hätten.

Youtube plädéiert drop, net zu de Social Media Plattformen ze gehéieren, mee éischter eng Aart Streaming-Déngscht ze sinn, deen nëmme Videocontenu ubitt.

Social Media Plattformen an den USA ware bis elo vun esou Kloe geschützt. Dat, duerch eng Reegelung, déi ënner dem Numm Section 230 bekannt ass. Dës Reegelung seet, datt d'Plattformen net fir de Contenu, dee vun hiren Notzer publizéiert gëtt, kënnen ugeklot ginn.

D'Riichterin an dësem Fall huet sech awer anescht decidéiert. Si gesäit d'Méiglechkeet, datt Instagram déi jonk Fra dozou bruecht huet, zwanghaft Videoen ze konsuméieren.

De Meta-Chef Mark Zuckerberg wäert um Mëttwoch den Owend um sechs Auer eiser Zäit an dësem Prozess zu Los Angeles aussoen.

play_arrow Lauschteren