Virun zwou Wochen hat den Escher Gemengerot sech fir 62 zousätzlech Kameraen an de Quartiere Brill an Al Esch ausgeschwat. Och d'Oppositiounspartei LSAP hat am 100,7-Interview gesot, datt si net géint Kamerae wieren.
D'Mënscherechtskommissioun hält an hirem Avis zwar fest, datt d’Impaktstudie vun der Police op wesentleche Punkten zefriddestellend ergänzt gi wier, trotzdeem géif d’Pertinenz vun dësem zousätzlechen Dispositiv u Kameraen net genuch begrënnt ginn.
Liichte Réckgang bei den Zuele schonn zejoert
De Statistike vun der Police no wier d’Zuel vun den Infraktioune vun 2024 op 2025 liicht zeréckgaang - dat wier duerch eng méi staark Policepresenz, schreift d'CCDH. Den 1. Juli 2024 war jo d’Police locale agefouert ginn.
Et sollt een der Mënscherechtskommissioun no fir d'éischt déi Mesuren, déi et scho ginn, evaluéieren, ier een zousätzlech Videosurveillance en place setzt, esou d’CCDH.