arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Dënschdeg an der Nuecht goufen et Schëss op e Grupp Leit zu Déifferdeng

Lokales

|
reading time

1 min

En Dënschdeg an der Nuecht goufen et Schëss op e Grupp Leit zu Déifferdeng

Zu Déifferdeng sinn an der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg Schëss op eng Grupp vu Leit gefall. Déi RTL-Informatioun huet de Parquet op eis Nofro hi confirméiert. 

reading time

1 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Udo Herrmann)

An de fréie Moiesstonne vun en Dënschdeg  ass deemno an der Avenue de la Liberté op Persoune geschoss ginn, déi nieft engem geparkten Auto stoungen.

Déi presuméiert Täter ware mat zwee Autoen ënnerwee an hunn d’Schëss aus de fuerende Gefierer eraus ofginn, esou de Parquet. Dobäi ass kee verwonnt ginn. 

Weider Detailer ginn et wéinst der lafender Enquête keng.