arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei engem Feier am Zentrum vun Ettelbréck ass eng Persoun ëm d'Liewe komm

CGDIS

|
reading time

1 min

Bei engem Feier am Zentrum vun Ettelbréck ass eng Persoun ëm d'Liewe komm

Géint 2:20 Auer hënt goufe 50 Pompjeeën an den Zentrum vun Ettelbréck geruff, well an engem Wunnhaus e Feier ausgebrach ass. Eng Persoun ass dobäi am Gebai agespaart ginn an trotz de Beméiunge vun de Pompjeeën, dem SAMU an de medezinneschen Ekippen un hire Blessure gestuerwen.

reading time

1 min

© Chris Meisch
(Foto: Chris Meisch)

Dräi weider Persoune goufe fir eng Kontroll en charge geholl. Och de Groupe de soutien psychologique ass op d'Plaz geruff ginn. 

3 Bränn vun Dënschdeg op Mëttwoch

De CGDIS deelt och mat, datt lokal LU-Alertë verschéckt goufen, fir datt d'Leit hir Fënsteren zouloosse wéinst dem Damp. 

De CGDIS gouf hënt awer och op zwee weider Bränn geruff. Dat zu Déifferdeng an zu Hierber an der Gemeng Rouspert-Mompech. A béide Fäll war ee Brand an engem Wunnhaus ausgebrach. Dobäi gouf keng Persoun blesséiert.