Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Mënschenhandel am Grand-Duché ass eng Realitéit

Chamber

Mënschenhandel am Grand-Duché ass eng Realitéit

An de Joren 2021 an 2022 goufen 127 Fäll vu Mënschenhandel hei am Land gezielt. Dee Chiffer gouf gëschter um Dënschdegmëtten, um Internationalen Dag vun de Mënscherechter, an der Chamber am Kader vun enger Interpellatioun zu deem Theema, rappeléiert.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Mënschenhandel | ©  Rene Böhmer / Unsplash play_arrow
Foto: Rene Böhmer / Unsplash

Dës Zuel vun 127 Fäll stoung am 4. Rapport vun der consultativer Kommissioun vun de Mënscherechter.

Nach vill Nachholbedarf

Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana hat dëse Sujet abordéiert. Dobäi huet hien de Mënschenhandel eng flagrant Violatioun vun de Mënscherechter genannt. Ee Mënschenhandel, dee verschidde Formen hätt.

“Mënschenhandel heescht, sech enger anerer Persoun ënner Ausnotzung vu perséinlechen oder wirtschaftlechen Zwangslagen oder hirer Hëlleflosegkeet oder hirer Noutsituatioun ze bemächtegen. Dëst fir si fir bestëmmten Zwecker, wéi ënner anerem Zwangsprostitutioun, auszenotzen.”

De Mënschenhandel wier eng Realitéit am Grand-Duché, sot de Vertrieder vun der LSAP. An obwuel 2021 an 2022 hei am Land och 48 Persoune wéinst Mënschenhandel verurteelt goufen, wier nach munches op dësem Gebitt ze maachen.

Nationale Coordinateur zum Theema Mënschenhandel?

D'Justizministesch Elisabeth Margue huet confirméiert, datt et Mënschenhandel och zu Lëtzebuerg gëtt. An deem Zesummenhang misst een ënner anerem géint déi organiséiert Kriminalitéit virgoen, huet d'CSV-Ministesch gemengt. D'Mënscherechtskommissioun hätt een nationale Coordinateur zu deem Theema gefrot. Fir d'Elisabeth Margue bleift eng spezifesch Fro ze klären.

“Ob ee sou e spezielle Coordinateur mécht? Mee, wéi gesot, et ass wichteg, datt een een huet, deen och tatsächlech den Iwwerbléck iwwer alles huet.”

Donieft sollt och d'Strofmooss iwwerkuckt ginn, esou d'Justizministesch, fir déi allerdéngs och schonn eng Rei Efforte gemaach gi wieren. 

Lauschterenplay_arrow