Radioen

On air

Notturno  |  Earth Flower - Nature's Piano

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méiglechen Intressenskonflikt: Spezialkommissioun Caritas saiséiert Ethikscomité

Opschaffe vum Finanzskandal

Méiglechen Intressenskonflikt: Spezialkommissioun Caritas saiséiert Ethikscomité

Fir all méiglech Intressenskonflikter aus dem Wee ze raumen, well d’Spezialkommissioun Caritas den Ethikscomité vun der Chamber an de Bationnier saiséieren. Dee Comité soll an der Fro tranchéieren, ob d’Kommissiounspresidentin Stéphanie Weydert en Intressenskonflikt huet. Dat deelen déi Deputéiert no der Sëtzung vun der Kommissioun de Mëttwoch Moie mat.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Archiv

Hannergrond ass e Bréif, deen d'Caritas un d'Chamber geschéckt huet, an dem se hir Bedenken äusseren. D'Presidentin Stephanie Weydert ass nach als Affekotin an der Boîte Arendt&Medernach gemellt an déi vertrëtt eng vun de Banken am Dossier. Elo wäerten de Batonnier an den Ethikcomité tranchéieren – an deem Comité sëtzen ënnert anerem de Georges Wivenes, fréiere President vum Staatsrot, oder nach den Norbert Haupert fréieren CSV-Deputéierten.

D'Stephanie Weydert selwer weist sech optimistesch, datt si weiderhi ka Presidentin bleiwen, ëmmerhin hätt si zënter engem Joer congé politique a géif deemno net méi als Affekotin schaffen. D’Oppositioun versteet awer de Kritikpunkt vun der Caritas, seet d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding.

"Um Site ass nach hire ganze Portfolio, do kann ee si och nach iwwer Email kontaktéieren an d’Telefonsnummer steet nach do. Ech mengen do versteet een, datt mer schonn e bësse stutzeg sinn, well mer awer wëllen déi Neutralitéit an eiser Aarbecht hunn. An eben all méiglechen Intressenskonflikt wëllen aus dem Wee geraumt hunn, well mer schonn eng Kéier an der Situatioun do waren."

Och den éischten nominéierte President, de Laurent Zeimet, war mat engem Intressenskonflikt konfrontéiert. Hien huet doropshin decidéiert, net weider Member vun der Kommissioun ze sinn, seng Parteikolleegin Stephanie Weydert ass fir hien nogeréckelt.

Djuna Bernard: Banke musse fir d'éischt Stellung huelen

Weider op der Dagesuerdnung stoung dann awer och d'Bankenopsiicht CSSF. Si hunn den Deputéierte Ried an Äntwert zu hirer éischter Analys ze ginn, an där se festhalen, datt de legislative Kader vun de Banken duerchaus resistent ass. Zu der lafender Enquête kéint hien näischt soen, sou den Direkter vun der CSSF, de Claude Marx, no der Chambersëtzung. Momentan hätt een eng éischt Analys ofgeschloss, elo wier et un de Banke Stellung dozou ze huelen. Réischt da wäert d’CSSF decidéieren, ob Sanktioune geschwat ginn oder net, seet d’Djuna Bernard vun de Gréngen.

"Leider Gottes ass et awer esou, datt dee Rapport leeng un d’Banke geet a mir deen a priori och net wäerten ze gesi kréien, an dat ass natierlech problematesch, och falls do méiglech Saachen opgedeckt ginn. Wann natierlech Sanktioune sollte geschwat ginn, da wäerten déi public gemaach ginn, mee wat soss an deem Rapport ass, huet den Här Marx gesot, datt hie keng legal Basis huet, fir eis dee matzedeelen."

Bis Enn Mäerz soll déi Enquête ofgeschloss sinn.

Lauschterenplay_arrow