D‘EU Kommissioun soll haut um Mëttwoch hire Rapport iwwer d‘Reform-Progrèse vun der Ukrain presentéieren. D‘Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen hat am September gesot, d‘Ukrain hätt vill Fortschrëtter gemaach.
Am Juni zejoert krut Ukrain de Statut vun engem EU-Bäitrëttskandidat. Fir op déi nächst Etapp, also d‘Ouverture vu Bäitrëttsverhandlungen, iwwerzegoen, muss d‘Ukrain eng Partie Critèren erfëllen. Déi betreffen ënner anerem de Kampf géint d‘Korruptioun a Justiz-Reformen.