Radioen

On air

Notturno  |  Jenny Owen Youngs - Avalanche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joe Biden: Israel ass prett fir eng Waffepaus wärend dem Ramadan

Noen Osten

Joe Biden: Israel ass prett fir eng Waffepaus wärend dem Ramadan

Israel wier bereet, fir wärend dem moslemesche Faaschtemount Ramadan, eng Paus bei de Kämpf géint d‘Hamas ze maachen. Dat sot den US-President Joe Biden an engem Interview mam US-Sender NBC.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Chris Kleponis - CNP

De Ramadan fänkt den zéngte Mäerz un. Negociateuren aus Ägypten, Katar an den USA schaffen den Ament un engem Kaderaccord an deem virgesinn ass, datt d‘Hamas e puer weider Geisele fräiléisst. Dee militanten islamistesche Grupp fuerdert am Géigenzuch, datt och Israel palestinensesch Prisonéier fräiléisst an eng Kampfpaus vu sechs Woche respektéiert. Der Noriichtenagence Reuters no, hätt d‘Hamas vun Israel en neien Entworf fir eng Waffepaus vu 40 Deeg virgeluecht kritt. Den Joe Biden sot, et géif Hoffnung ginn, datt bis e Méindeg en Accord fir eng Waffepaus kéint ugeholl ginn.