Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Last Dinner Party - Nothing Matters

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi streng Reegele fir d'Notze vu mobile Geräter beim Fueren

Code de la Route

Méi streng Reegele fir d'Notze vu mobile Geräter beim Fueren

Eng Rei Modifikatioune vum Code de la Route sinn zanter der leschter Woch a Kraaft. Ënner anerem gëlle méi streng Reegele fir all net agebauten Apparater mat engem Ecran. Och d'Stéierungen vum Fonctionnement vu Radare si lo strofbar.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Well d’Oflenkung hannert dem Steier zu méi Accidenter gefouert huet, wieren dës Changementer gemaach ginn, erkläert den Alain Disiviscour vum Mobilitéitsministère. Weder wärend der Faart, nach zum Beispill am Stau däerfe Smartphone, Tablett oder Smartwatch bedéngt ginn.

“Da kënnt natierlech och dobäi, datt d’Punkten an d’Luucht ginn, vun zwee op véier, déi do drop stinn. An den Avertissement taxé wäert och an d’Luucht goen, deen ass elo nach net an d’Luucht gaangen, well mer nach op een Avis vum Staatsrot waarden, wat d’Reglement ugeet, wat dobäi gehéiert.”

Dat heescht d’Reglement fir déi geplangte méi héich Protokoller vun 250 Euro feelt den Ament nach. D’Bedénge vu fest agebauten Ecranen am Auto ass iwwerdeems net verbueden.

Strofe bei Funktionnements-Stéierunge vu Radaren

Nei ass, datt elo och d’Funktionnements-Stéierunge vu Radargeräter bestrooft ginn.

“Wann een elo ee Radar entweder zerstéiert oder wann ee säi Funktionnement behënnert, also eppes virdru stellt oder esou, da kann een eng Geldstrof kréien, déi ka vun 251 Euro bis 5.000 Euro goen, oder et steet souguer eng Prisongsstrof drop vun 8 Deeg bis zu engem Joer.”

Dat wat ee benotzt hätt, fir de Radar ze behënneren, wéi een Auto dee virdru gestallt gouf, kann och vum Riichter saiséiert ginn.

Nei Reegele bei Punkteführerschäin

Och beim Punkteführerschäi gëtt et eng Ännerung: bis elo goufen et Ënnerscheeder bei de Strofe fir Leit mat oder ouni Fürerschäin. Den Alain Disiviscour vum Mobilitéitsministère mam Beispill vun zwee Vëlosfuerer, déi eng rout Luucht net respektéieren.

“An deen ee Vëloschauffer hat ee Fürerschäin, deen aneren hat keen. Da war an der Theorie de Fall, datt deen een dann ee Protokoll kritt huet an zwee Punkte verluer huet. An deen aneren huet just ee Protokoll kritt. An elo mat der neier Gesetzgebung ass et esou, datt déi zwee musse bezuelen, mee et verléiert kee méi Punkten.”

Dës an eng Partie weider Changementer um Code de la Route sinn zënter dem virleschten Dënschdeg a Kraaft.

Lauschterenplay_arrow