Radioen

On air

Philo am Gespréich  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fernsehduell tëschent Vance a Walz: Méi politesch Inhalter, manner Attacken

US-Walkampf

Fernsehduell tëschent Vance a Walz: Méi politesch Inhalter, manner Attacken

An den USA war hënt eng Debatt op der Tëlee tëschent den zwee Vizepresidentschaftskandidaten Tim Walz vun den Demokraten an JD Vance vun de Republikaner.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Allison Bailey

Déi 90-Minutte-laang Debatt ass éischter roueg verlaf, déi zwee hu sech méi op politesch Inhalter konzentréiert wéi géigesäiteg Attacken. Ënner den Haapttheeme vun der Debatt ware Migratioun, Ofdreiwung, de Klimawandel am de Krich am Noen Osten.

Den JD Vance huet vun enger Migratiounskris un der US-Grenz mat Mexiko geschwat an der demokratescher Presidentschaftkandidatin Kamala Harris d'Schold ginn. Den Tim Walz huet den Donald Trump als Ligener qualifizéiert a virun engem Retour vum Trump an d'Wäisst Haus gewarnt.