Radioen

On air

Notturno  |  Plankton Waves - We Are

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Méi Transparenz zur Energiesituatioun zu Lëtzebuerg

Plattform Energieauer.lu

Méi Transparenz zur Energiesituatioun zu Lëtzebuerg

Energieauer.lu – esou heescht eng nei Online-Plattform, déi verschidden Informatiounen zur Energiesituatioun zu Lëtzebuerg regroupéiert a duerch verschidde Grafike visualiséiert. D‘Plattform soll fir méi Transparenz am Beräich vun der Energie suergen, esou de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow

De Site gouf zesumme mat der Klima-Agence entwéckelt. Et wier alle Bedeelegte wichteg gewiescht, fir Transparenz ronderëm de Sujet vun der Energie zu Lëtzebuerg ze schafen, betount de Wirtschafts- an Energieminister Lex Delles am 100,7-Interview.

Dozou gehéiert ënner anerem ze gesinn, wéi vill Solarenergie, Photovoltaik a Wandenergie scho produzéiert gëtt. Oder Informatiounen iwwert den Import an Export ze kréien. Dat wier ee wichtege Bestanddeel vun der Sensibiliséierung vun de Leit, fënnt de Lex Delles.

All Informatiounen op enger Plaz

Op der Online-Plattform fënnt een dofir eng Partie Grafiken an Tabellen zu de wichtegsten Indicateure vum nationalen Energie- a Klimaplang, PNEC.

„Datt jiddwereen à tout moment kann, nokucken, wou mer, par rapport zu eise PNEC-Ziler sinn, wat ganz ambitiéis Ziler sinn.“

An der Vergaangenheet wieren zwar och ëmmer nees Zuele genannt ginn. Mee net jiddereen hätt ëmmer gewosst wou een dës Informatioune kéint fannen, erkläert den Energie- a Wirtschaftsminister. Op der Online Plattform ginn dofir all d‘Informatiounen op enger Plaz gesammelt an à jour gesat.

Esou ass haut op energieauer.lu zum Beispill ze liesen, datt zu Lëtzebuerg gëschter bal 7GWh Elektresch consomméiert goufen. 

Lauschterenplay_arrow

Geschriwwe vum Pit Beffort