Zil vun dëser Reform wier, virun allem de Pouvoire vun der Elterevertriedung op de Beräich vun der non-formeller Bildung auszeweiden, esou den Educationsminister Claude Meisch.
"D'Theemen, déi d'Maison relaisen, déi d'Foyer scolairen direkt uginn, datt mer déi och kënne mat der nationaler Elterevertriedung diskutéieren."
Déi national Elterevertriedung soll soll och d'Sproochrouer vun den Eltere sinn, deenen hir Kanner an de Maison relaise sinn.
"Mat deem Gesetz wäert och nach eng Kéier eng digital Austauschplattform wäert gestäerkt ginn. Och hei nach eng Kéier leeë mer wäert op den Echange. Well eng national Vertriedung ass ëmmer nëmmen esou staark wéi se och wierklech am Numm vun all den Eltere ka ka schwätzen."
Den aktuellen President vun der Elterevertriedung, den Alain Massen, wëllt an dem Kontext och d'Elteren encouragéieren, sech an ze bréngen.
Bis dato wier d’Elterevertriedung nach relativ homogen opgestallt. Et géif beispillsweis nach u sproochlëcher Diversitéit feelen, fënnt den Alain Massen. Hien war zënter der Grënnung vun der Elterevertriedung am Joer 2020 hiren éischte President. No sengen zwee Mandater kann hie bei de Walen dëse Samschdeg net méi untrieden.