Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mateneen am Stroosseverkéier an Aussicht?

Fräie Mikro

Mateneen am Stroosseverkéier an Aussicht?

De Sujet ass net nei, e gëtt awer méi kontrovers, fir net ze soen aggressiv an eiser Gesellschaft diskutéiert. D’Zesummeliewen ob der voie publique gëtt ëmmer méi zum Auserneeliewen, seet d‘Isabelle Medinger, Directrice vun der Securité Routière am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

Isabelle Medinger | © Chris Zeien
D'Isabelle Medinger ass Direkterin vun der Sécurité Routière. (Foto:Chris Zeien)

D‘Zesummeliewen ob der voie publique gëtt ëmmer méi komplizéiert. Ech soe bewosst „voie publique“, well domat ass net nëmmen d’Strooss fir de motoriséierte Verkéier gemengt, mee och d’Trottoiren, d’Vëlosweeër a Pisten, d’ëffentlech Plazen oder Parken.

Et gëtt eng ganz Rhetorik iwwer dëst Zesummeliewen am ëffentleche Raum. Bei eisen Noperen am Frankräich gëtt neierdéngs vill mat dëser Rhetorik geschafft wat déi eenzel Kontrahenten - wann ee muss sou soen - ubelaangt. A mat guddem Grond.

D’Fransousen hunn an de leschte Joren erëm mat steigenden Zuele vu schwéier Blesséierten a vun Doudegen ze kämpfen.

Eng ausgeliefte Feindlechkeet amplaz ee friddlecht Zesummeliewen

Geet een ob de Site vun der staatlecher franséischer Sécurité Routière, gesäit ee schonn an hirem Logo, datt se un engem allgemengen Ëmdenke schaffen. „Sécurité routière, vivre ensemble“ liest een als Signature vun all hiren Aktiounen, Publikatiounen a Campagnen. Den "vivre ensemble" ass also e feste Bestanddeel vun hirem Logo.

Hei geet et drëms "de pacifier l’espace public" wéi e Spezialist vun der Verkéierssécherheet sech ausdréckt, wat jo schonn zimmlech aussokräfteg ass. Wa mer och keng krichsänlech Zoustänn hunn, ass trotzdeem eng ëmmer méi staark ausgeliefte Feindlechkeet ze spieren.

Subjektiv Krittären amplaz rational Argumenter

"La route nous rend plus libres, à nous de la rendre plus sûre" ass och den Opruff vun enger nationaler Campagne, déi dëse Summer gelaf ass.

Hei gi Situatioune vu friddlechem Zesummeliewe gewisen, mat erëm dem nämmlechten Narrativ. Et geet rieds vun engem "pacte social". Do si mer bei der Dialektik tëschent Fräiheet a Sécherheet, wat beinhalt datt den Debat an d’Argumenter rational solle sinn, an net ob subjektiv Krittäre baséiert.

De Moment si mir nach vill vum emotiounsgeluedene Kampf ëm déi individuell Fräiheeten absorbéiert. All Sekonn, all Meter zielt, all Parkplaz muss gerett ginn, och wa se nach sou falsch agezeechent ass am Sënn vun enger gudder Visibilitéit.

Lues a lues gi Stëmmen haart déi um Status Quo knabberen

All Diskussioun zu egal wat fir engem Theema geet mam Saz un "da sollen d’Cycliste sech och mol un eppes halen". Wat natierlech um Fong absolut richteg ass, mee nëmmen e Brochdeel vum Problem an eng eesäiteg Ausso.

Mee lues a lues ginn och aner Stëmmen haart, déi wierklech ob en Ëmdenken hindeite wou un der Souveränitéit vum Individualverkéier geknabbert gëtt. D‘Schwäiz huet lo grad e Referendum ofgehale wou dogéint gestëmmt gouf den Autobunnsreseau ob 4 bis 6 Spueren auszebauen an Tunnelle bäizebauen. Mam Argument, dat méi Autobunn ob laang Weil just nëmmen nach méi Stau produzéiert.

An haalt Iech un, um Péréfirique a Frankräich ass lo d’Limitt op maximal 50 Kilometer an der Stonn erofgesat ginn!