Radioen

On air

Détente sous l'Olivier  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Mataarbechter am Centre penitiaire ugegraff an aggresséiert

National

Mataarbechter am Centre penitiaire ugegraff an aggresséiert

Am Centre penitiaire zu Giwenech koum et gëschter zu engem Tëschefall. Wéi d‘Associatioun vun de Giischtercher an engem Communiqué matdeelt goufen eng Parti Mataarbechter ugegraff an aggresséiert.

auto_stories

1 min

An Zukunft soll no bannen eng gréisst méiglechst Beweegungsfräiheet bestoen. | © Marlène Clement

Ee Mataarbechter ass wéinst Blessuren um Kapp weider am Spidol. Dat deelt de President vun der Associatioun vun den Agent pénitentiaires, de Samir Djenna, op eis Nofro hi mat. Hiie schwieft awer net a Liewensgefor. 

Beim Tëschefall si zwee weider Mataarbechter liicht blesséiert ginn. De presuméierten Täter hätt den aktuellen Informatiounen no keng Waff bei sech, sou de President vun der AAP. An der Vergaangenheet war et ëmmer rëm zu Ausenanersetzungen tëschent den Detenuen an de Giischtercher zu Giwenech komm.