Bis de leschten Ament hat den Trump probéiert Afloss ze huelen an de Vott ze verhënneren.
Op senger Plattform Truth Social hat hien annoncéiert, datt all Republikaner, dee géint d‘Douanestaxe stëmmt, d‘Rechnung bei den nächste Wale misst bezuelen.
De Vott ass allerdéngs éischter symbolesch. Fir datt d‘Douanestaxen opgehuewe ginn, misst och de Senat dofir stëmmen an den US-President misst d‘Resolutioun ënnerschreiwen. Domat ass net ze rechnen, d‘Douanestaxe si jo d‘Kärelement vu senger aggressiver Handelspolitik.