search

/ Mat 52,8 Prozent: D'Islänner:inne stëmme géint EU-Bäitrëttsgespréicher

Island

|
reading time

1 min

Mat 52,8 Prozent: D'Islänner:inne stëmme géint EU-Bäitrëttsgespréicher

Déi defintiv Resultater nom Referendum an Island leien elo vir. Déi knapp Majoritéit huet dogéint gestëmmt, datt d'Land nees ufänkt mat der EU iwwer ee Bäitrëtt ze verhandelen. 47,2 Prozent vun den Islänner:inne hu sech dofir ausgedréckt. En Ënnerscheet vu ronn 12.000 Stëmmen.

reading time

1 min

Reykjavik | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Reykjavik (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

Ronn 270.000 Mënsche waren opgeruff, hiren Avis ofzeginn. Déi sozialdemokratesch Regierung ronderëm d'Regierungscheffin Kristrún Frostadóttir hat schonn am Virfeld ugekënnegt, et géif ee sech un d'Resultat vum Referendum halen. 

2009, wärend der Finanzkris, hat Island d'Bäitrëttsverhandlunge mat der EU opgeholl. Déi goufen 2013 awer vun der deemoleger EU-kritescher Regierung op Äis geluecht. 

Fëscherei als Knackpunkt

D'islännesch Regierungscheffin wollt d'Gespréicher nees ophuelen, mat der Erklärung, datt ee klengt Land wéi Island wärend internationalen Tensiounen op de Schutz vu méi grousse Länner oder Bündnisser misst ziele kënnen. 

Dat wuel wichtegst Theema fir déi islännesch Bevëlkerung war awer wuel d'Fëscherei, dat wichtegst wirtschaftlecht Standbee fir Island. D'Géigner vun den EU-Bäitrëttsverhandlungen hu gefaart, als EU-Member kéinte si d'Kontroll iwwer hir Fëscherei net behalen. 

Wat eng geziilt Desinformatiounscampagne mam Ausgang vum Referendum zedinn huet, huet de Professer op der Uni Reykjavik Maximilian Conrad am 100,7-Interview erkläert.