arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat 10 Milliounen Euro d'Transportentreprisen encouragéieren op Elektro ëmzeklammen

National

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Mat 10 Milliounen Euro d'Transportentreprisen encouragéieren op Elektro ëmzeklammen

D'Transportentreprisë solle motivéiert ginn, fir hir Camionsflott op Elektro oder Waasserstoff ëmzestellen. Dofir hëlt den Ekonomiesministère 10 Milliounen Euro an de Grapp a schwätzt vun engem wichtege Schrëtt fir d'Firmen ze ënnerstëtzen, den ekologesche Foussofdrock ze reduzéieren.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance / imageBROKER | Klaus Martin Höfer
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Klaus Martin Höfer)

Dobäi géif gläichzäiteg hir Kompetitivitéit gestäerkt ginn. Dës Initiativ wier dréngend noutwenneg, seet den Antoine Ries, Beroder fir Transportbranche bei der Luxembourg Confederation am Gespréich mam 100,7.

Nach ass d’Unzuel un elektresch bedriwwene Camionen op eise Stroossen nämlech immens geréng.

Projeten nach an de Startlächer

6.500 Camione wieren zu Lëtzebuerg immatrikuléiert. Nëmmen eng kleng Unzuel fiert bis elo mat Waasserstoff oder Stroum. Nach wieren d’Firme ganz zeréckhalend mat Investitiounen. Dowéinst begréisst den Transportverband d’Initiativ vun der Regierung. Den Antoine Ries vun der Luxembourg Confederation fënnt d’Hëllefen duerchaus interessant.

"Et gëtt wuel Projeten, verschidde Betriber sammelen Erfarungen domat, mee et ass awer nach relativ an de Startlächer, dat Ganzt. Et kënnt elo eng nei Bäihëllef, déi och absolut noutwenneg ass, fir datt eng Dynamik drakënnt."

Bei deenen neien Technologië géif ee vu Gefierer schwätzen, déi dräi- bis véiermol méi deier wiere wéi konventionellen Diesel. 

"Wann een dann dee Moment Rechnung mécht mat enger Bäihëllef, déi ee kritt, dann ass dat schonn eng aner Rechnung, déi een dem Client ka presentéieren an dann ass ee vläicht éischter méi gewëllt op dee Wee ze goen a rentabel ze fueren." 

Dem Ekonomieministère no kënne Firme mat dëser Mesure bis zu 100 Prozent vun der Präisdifferenz zu engem vergläichbare Gefier mat Verbrennungsmotor rembourséiert kréien.

Stonnelaangt Lueden als Hürd 

Den héijen Uschafungspräis wier dem Antoine Ries no zwar e bedeitenden, awer net den eenzege Kritär, deen d’Firmen zeréckhält. Esou weist hien zum Beispill op déi strikt Aarbechtszäitreegelung hin, déi net op stonnelaangt Lueden ausgeriicht wier. Et géifen awer nach weider Facteure ginn.

"Dat Ganzt huet och e groussen Impakt op dat Operatiivt. Mir hunn haut en Netz, wat komplett op den Diesel ausgeluecht ass. Also Transportentreprisen, déi kënnen iwwerall hifueren a kënnen iwwerall tanken. Wa se elo mat engem Waasserstoff - oder Elektrocamion ënnerwee sinn, ass dat manner evident."

Dat Netz wier nach net esou elaboréiert. 

"Dat huet en Impakt op d'Méiglechkeete fir en Operateur fir kënnen ze lueden, ze chargéieren. Déi ganz Optimisatioun vun de Fluxe brauch eng ganz nei Planifikatioun an entspriechend mussen och d'Chaufferen an d'Disponente forméiert ginn, fir mat deenen neien Technologië kënnen ze operéieren." 

Déi nei Subventiounsmesure viséiert Camione vun enger Gewiichtsklass tëschent 3,5 an 12 Tonnen a Schwéiertransporter vun iwwer 12 Tonnen. Gefërdert gi souwuel voll-elektresch wéi och mat Waasserstoff bedriwwe Gefierer.

Manner Kaméidi, manner Vibratioun

Den Antoine Ries schätzt, datt sech den Elektromotor éischter bei kuerzen a mëttellaangen Transportweeër kéint duerchsetzen, wärend Waasserstoff virun allem beim Laangstreckentransport eng denkbar Alternativ wier. Bei béiden Technologië kéim et awer natierlech och un d’Infrastruktur un. Dowéinst wier et gutt, datt d’Regierung parallel och e Subentiounsprogramm fir den Ausbau vun de Luedstatioune lancéiert huet.

Vun enger Säit hätt ee jiddefalls scho positiv Retoure kritt, esou nach den Antoine Ries: An zwar vun de Chauffeuren, déi scho mat engem Elektrocamion ënnerwee waren.

"Se maache manner Kaméidi, et gi manner Vibratiounen an dat dréit da warscheinlech och zu enger Verbesserung vun den Aarbecht bäi. Vläicht ass dat jo e Wee fir de Beruff méi attraktiv ze maachen." 

10 Milliounen Euro wëllt de Staat an der Transportbranche verdeelen, fir datt d’Firmen an Zukunft verstäerkt op Stroum oder Waasserstoff setzen.

play_arrow Lauschteren