Radioen

On air

Tockcity  |  Skunk Anansie - An Artist Is An Artist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Massechute wërft Froen op - Vingegaard manner schlëmm blesséiert wéi ufanks gemengt

Tour duerch d'Baskeland

Massechute wërft Froen op - Vingegaard manner schlëmm blesséiert wéi ufanks gemengt

Am Vëlosport ginn haut weider Froe gestallt iwwer d‘Massechute gëschter op der véierter Etapp vum Tour duerch d‘Baskeland a Spuenien. Blesséiert goufen do ënner anerem de Jonas Vingegaard an de Remco Evenepoel.

auto_stories

1 min

Tour duerch d'Baskeland | © Eurosport
Foto: Eurosport

Den zweefachen Tour de France Gewënner Jonas Vingegaard huet d‘Schlësselbeen an e puer Rëppe gebrach. Hien huet och eng Pneumo-thorax an eng Prellung vun de Longen, mee säin Zoustand wier stabil, a bleift an der Klinik. Dat huet seng Ekipp de Moie matgedeelt.

De belsche Champion Remco Evenepoel huet och d‘Schlësselbeen an d‘Schëllerblat gebrach. Hien huet missen operéiert ginn. Och de Sloween Primoz Roglic huet d'Schlësselbee gebrach.

Méi schlëmm getraff huet et ee Coureur vun der Ekipp UAE Team Emirates: Den Jay Vine huet Bréch un der Halswirbelsail, dat awer ouni neurologesch Konsequenzen, huet seng Ekipp entwarnt.

Wéi et zu der Chutte koum ass bis elo net gekläert. D'Coureure si wuel ze séier an der Descante an dës Kéier eragefuer. Ufanks och spekuléiert, wéi wann d'Strooss op där Plaz méi glat gewiescht wier, wéi gemengt. No der Arrivée hunn awer och e puer Coureure gesot, datt effektiv an där Kéier Knuppen duerch Wuerzele vun de Beem ënnert der Strooss sinn.