search

/ Martine Hansen steet hanner dem Mercosur-Accord, kennt den Detail awer nach net

SPEZIAL-REUNIOUN ZU BREISSEL

|
headphones

4 min

headphones

3 min

play_arrow

Martine Hansen steet hanner dem Mercosur-Accord, kennt den Detail awer nach net

Op der ausseruerdentlecher Reunioun vun den EU-Agrarministere koum et net zu engem Duerchbroch iwwer de Mercosur-Handelsaccord. Lëtzebuerg ass dofir, esou d'Agrarministerin Martine Hansen. Déi lescht Ännerungen iwwer d'Sécherheetsgarantië fir d'Bauere géif si awer nach net kennen.

headphones

4 min

headphones

3 min

play_arrow
Bauereprotester zu Bréissel | © EPA/OLIVIER MATTHYS
Bauereprotester zu Bréissel (Foto: EPA/OLIVIER MATTHYS)

D’Europäesch Kommissioun schafft weider drun, datt d’EU sech iwwer de Mercosur-Handelsaccord eens gëtt. D’Kommissiounscheffin hat just zur Zäit, um Méindeg, eng Offer op den Dësch geluecht, fir hir Propose fir den nächsten EU-Budget zu Gonschte vun de Baueren nozebesseren. 

Schratt an déi richteg Richtung

Ronn 45 Milliarden Euro kéinten der Offer vun der Kommissioun no méi fréi wéi bis elo fir d’Baueren aus enger Reserv deblockéiert ginn.

Ee Schratt an déi richteg Richtung, seet d’Martine Hansen, geet awer net wäit genuch.

"Mir hunn ausgerechent, datt wa mir alleguer déi Sue géifen huelen, déi an der Reserv wieren, déi fir Lëtzebuerg kéint genotzt ginn, da géifen eis awer nach ëmmer zéng Millioune feelen, vis-à-vis vun der Period virdrun."

Den EU-Agrarkommissär Christophe Hansen deit iwwerdeems un, datt hei vläicht net déi lescht Offer op den Dësch geluecht gouf.

"Mir sinn nach net um Enn vun der Rechnung, well an deenen nächsten zwee Jore wäerte mir weider mam Europaparlament a besonnesch och mam Ministerrot verhandelen."

Déi eigentlech Urgence vun der Spezial-Reunioun läit enzwousch anescht, nämlech bei der Sich no engem Accord iwwer d’Fräihandelsofkommes Mercosur mat véier südamerikanesche Länner.

Handelsaccorde gi gebraucht

D’Lëtzebuerger Regierung hätt eng kloer Positioun, nämlech déi, datt een Handelsaccorde brauch, betount d’Martine Hansen.

"Ech menge virun allem, wa mir d'Ekonomie kucken, wéi se am Moment ass, mat Amerika, mat all deem, wat am Rescht vun der Welt ass, ass et wichteg, datt mir Accorden hunn."

Als Landwirtschaftsministerin géif si awer drop bestoen, datt d’Reegele bei esou Accorden déi nämmlecht Standarde fir béid Säiten definéieren.

Staark Kritik vun de Baueren

Mee genee dat kritiséieren d’Baueren. De Mercosur-Accord géif d’Dieren opmaache fir méi bëlleg Produiten, fir déi deels net déi nämmlecht Konditioune wéi an der EU gëllen. 

Den EU-Kommissär fir den Handel hätt op der Reunioun un d’Sécherheetsgarantien, déi nodréiglech an den Accord opgeholl goufen, erënnert, seet dozou d’Martine Hansen.

"De Maros Sefkovic sot, datt déi Mesuren, déi elo virgeschloe goufen, déi stäerkste sinn, en vue vun deem, wat ee kéint maachen ënner europäeschem Recht."

Op d’Fro, wéi si d’Baueren, déi jo och zu Lëtzebuerg Kritik geäussert hunn, berouege wielt, sot d’Martine Hansen, si géif den Detail vum Accord nach net genee kennen.

Sécherheetsgarantië kéinten nach nogebessert ginn 

De Mercosur-Accord géing ënner d’Kompetenz vum Aussen- an Handelsminister Xavier Bettel falen, esou och nach d’Ministesch.

"Ech hunn déi lescht Ännerungen, déi elo komm sinn, nach net. Ech hat nach keng Zäit, fir doriwwer ze diskutéieren. An ech weess deemno net genau, wat do kënnt."

Fir den EU-Agrarkommissär besteet iwwerdeems keen Zweiwel doriwwer, datt dee Mercosur-Accord gebraucht gëtt. Hie verweist op Secteure wéi Wäin, Mëllech, oder Schwengsbaueren.

"Déi soe mir: Mir brauchen deen Accord, mir hu Problemer am Moment mat den USA, mir brauchen nei Debouchéen."

Ofkommes kéint nächst Woch ënnerschriwwe ginn 

Bei den Diskussiounen e Freideg ënner den EU-Ambassadeure kéint, esou de Christophe Hansen, a punkto Garantië fir d’Baueren nach weider nogebessert ginn. 

Sollt den Accord do déi néideg Majoritéit kréien, kéint en déi nächst Woch, trotz dem massive Protest vun de Baueren, ënnerschriwwe ginn.

Wéi geet et viru mam Mercosur-Accord?

Eng Analyse vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber

Lauschteren

play_arrow Lauschteren