Radioen

On air

Tockcity  |  Sam Fender - People Watching (Radio Edit)

play_arrow Live
search

/ Heescheverbuet: “D’Police huet de schwaarze Péiter,” esou d’SNPGL

Diskussioune gi virun

Heescheverbuet: “D’Police huet de schwaarze Péiter,” esou d’SNPGL

D’Police-Gewerkschaft SNPGL ass net zefridde mam Heescheverbuet an der Stad: “D’Police huet hei de schwaarze Péiter”, sou d’SNPGL-Presidentin Marlène Negrini. Eng Selektioun vun Heescherten ze maache wier net hir Aufgab.

auto_stories

2 min

headphones

15 min

Presidentin vun der Policegewerkschaft SNPGL | © Morgane Weidig play_arrow
Foto: Morgane Weidig

Den Inneminister géif vun de Polizisten erwaarden, datt si d’Heescheverbuet mat "Fangerspëtze-Gefill" ëmsetzen, a just bestëmmten Heescherte viséieren. Dat entspriechend Reglement géif awer all Form vun Heesche verbidden, betount d'Marlène Negrini.

"En Ënnerscheed kënne mer op der Strooss net maachen. Dat heescht: Entweder de Polizist sanktionéiert se alleguerten. Dann ass en natierlech ouni Fangerspëtze-Gefill ënnerwee. Mee wann en elo kee protokolléiert, da mécht en seng Aarbecht net richteg, well dem Gesetz no muss en se alleguer protokolléieren, déi an Infraktioun sinn.”

"Net um Polizist ze decidéieren"

Ze selektionéiere wier och guer net hir Aufgab, betount d’Gewerkschaftspresidentin. D’Reglement, wat zanter kuerzem an der Stad gëllt, géif nämlech all Form vun Heesche verbidden. An doru missten d’Poliziste sech halen.

"Hei ass definitiv erëm eng Kéier d’Police, déi de schwaarze Péiter huet. Et ass net um Polizist ze decidéiere wien opgeschriwwe gëtt, a wien net opgeschriwwe gëtt, well d’Opportunité des Poursuites läit kloer beim Geriicht."

D'Poliziste missten all Verstouss protokolléieren, fir datt d'Geriicht eng Decisioun kann huelen.

Lauschterenplay_arrow