arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mark Rutte zu Washington: NATO-Sommet am Fokus

USA

|
reading time

1 min

Mark Rutte zu Washington: NATO-Sommet am Fokus

Den NATO-Generalsekretär Mark Rutte reest haut fir politesch Gespréicher mam US-President Donald Trump op Washington. Dobäi soll et ënner anerem ëm d‘Preparatioune fir den NATO-Sommet an zwou Wochen zu Ankara goen.

reading time

1 min

© EPA/FILIP SINGER
(Foto: EPA/FILIP SINGER)

Den Donald Trump hat jo den Nato-Alliéierte virgehäit, datt si hien net genuch am Krich géint den Iran ënnerstëtze géifen. An deem Kader hunn d‘USA mat engem Truppen-Ofzuch gedreet.

Ma och den däitsche Kanzler huet op Gespréicher iwwer den nächsten NATO-Sommet invitéiert. D‘Staats-a Regierungscheffen aus Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Italien a Polen treffen sech dofir haut zu Berlin.