arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No den Äerdbiewen a Venezuela: Zuel vun Doudesaffer klëmmt op iwwer 5.000

Dräi Wochen dono

|
reading time

1 min

No den Äerdbiewen a Venezuela: Zuel vun Doudesaffer klëmmt op iwwer 5.000

Méi wéi dräi Wochen no de schwéieren Äerdbiewen a Venezuela ass d'Zuel vun den Doudesaffer op iwwer 5.000 geklommen. Méi wéi 16.700 Leit goufe blesséiert.

reading time

1 min

© EPA/Ronald Pena R
(Foto: EPA/Ronald Pena R)
Déi venezuelanesch Interimspresidentin Delcy Rodríguez huet matgedeelt, datt den Internationale Wärungsfong 346 Milliounen Dollar fir den Erëm-Opbau fräiginn huet.
 
Mat de Sue sollen ënner anerem Wunnengen, Infrastrukturen an ëffentlech Déngschter an de betraffene Regiounen nees opgebaut an d'Affer ënnerstëtzt ginn.
 
D'Europäesch Unioun hat schonn 20 Milliounen Euro fir humanitär Hëllef zougesot an zousätzlech 80 Tonnen Hëllefsgidder an de Venezuela geschéckt.