arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marine Le Pen stellt sech hanner den Jordan Bardella

Frankräich

|
reading time

1 min

Marine Le Pen stellt sech hanner den Jordan Bardella

Dräi Deeg virun der Decisioun vun der Cour d’appel vu Paräis, ob d’Marine Le Pen dat anert Joer bei de Presidentewalen a Frankräich untriede kann, war gëschter Owend e Meeting vum Rassemblement national am Norden. Dobäi huet de Jordan Bardella dem Marine Le Pen seng voll Ënnerstëtzung zougesot. 

reading time

1 min

De Jordan Bardella an d'Marine Le Pen. | © EPA/FIRAS ABDULLAH
De Jordan Bardella an d'Marine Le Pen. (Foto: EPA/FIRAS ABDULLAH)

D'Marine Le Pen sot, si géif, wa si net untrieden dierft, de Bardella voll a ganz ënnerstëtzen.

D’Paräisser Cour d’appel decidéiert en Dënschden an der Affär iwwer Assistente vun Europadeputéierte vum RN, deen an de Sondagë fir d’Presidentewale virläit.