Iwwer 2.050 Hektar sinn an de leschten zwee Deeg zu Fontainebleau de Flamen zum Affer gefall. A Südfrankräich kennt een esou Bränn - an der Île de France ass et eng éischte Kéier, datt ee mat Läschfligeren an Helikoptere muss géint d’Flame virgoen.
Inneminister mat liichtem Optimismus
De Bësch zu Fontainebleau ass déi gréng Long vum Paräisser Ëmland a mat senger grousser Biodiversitéit eng beléift Destinatioun. Eng 11 Millioune Persoune kommen all Joer heihin.
An de leschten zwee Deeg hunn de Wand, déi waarm Temperaturen an déi dréche Loft dem Feier optimal Konditioune gebuede fir sech auszebreeden.
Mëttlerweil ass de Brand zwar agegrenzt, awer nach net komplett ënner Kontroll - dat soll awer nach haut, respektiv an der Nuecht passéieren, sot den Inneminister Laurent Nunez op BFMTV.
Een Hobbypompjee leet Geständnis of
Béid Bränn sinn op mënschlecht Handelen zeréckzeféieren. Zwee Teenager goufe gëschter Owend scho vun der Police festgeholl, véier weider Persoune stinn ënner Garde à vue, dorënner een Hobbypompjee, deen agestan huet an d’Brandursaach involvéiert gewiescht ze sinn.
Am Ganze Goufen och eng 1.000 Persounen an der Ëmgéigend aus Sécherheetsgrënn evakuéiert.
Eng 850 Pompjeeë sinn am Asaz.
Gréissert Feier och am Departement Drôme
Net nëmmen zu Fontainebleau kämpft ee géint d’Flamen: Am Departement Drôme am Süde vum Land brennt et zënter néng Deeg.
D’Féier, wat 4.400 Hektar ofgebrannt huet, ass awer zënter haut ënner Kontroll.