Radioen

On air

Moiesstudio  |  Childish Gambino - Atavista

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marie Schreiber gewënnt Bronze am Zäitfuere bei den U-23-Dammen

Europameeschterschaften am Cyclissem

Marie Schreiber gewënnt Bronze am Zäitfuere bei den U-23-Dammen

D’Europameeschterschaften am Cyclissem an der Belsch hunn haut ganz gutt fir Lëtzebuerg ugefaangen: Am Eenzelzäitfuere vun den Dammen ënner 23 Joer huet d’Marie Schreiber nämlech Bronze gewonnen.

auto_stories

1 min

Foto: FSCL

No eppes iwwer 31 Kilometer hat déi 21 Joer jonk Lëtzebuergerin 32 Sekonne Retard op d’Gewënnerin, d’Finnin Anniina Ahtosalo. Sëlwer war fir déi Däitsch Antonia Niedermaier, déi just 3 Sekonne méi séier war wéi d’Marie Schreiber.

Do virdru war d’Gwen Nothum bei de Junior-Damme schonn op déi gutt 6. Plaz komm. No eppes Klenges méi wéi 13 Kilometer hat déi 17 Joer al Cyclistin 43 Sekonne Retard op d’Gewënnerin aus Spuenien. Op eng Medaileplaz hunn dem Gwen Nothum 33 Sekonne gefeelt.

Bei den Hären ënner 23 Joer dann huet sech de Mathieu Kockelmann als 21. klasséiert. Den 20 Joer ale Cyclist huet zwou Minutten an 42 Sekonne méi gebraucht fir déi ronn 31 Kilometer wéi de Gewënner aus der Belsch.