Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
search

/ Marga: Eng Struktur, an där drogenofhängeg Fraen zur Rou komme kënnen

Gesellschaft

Marga: Eng Struktur, an där drogenofhängeg Fraen zur Rou komme kënnen

An der neier Struktur Marga am Neiduerf kënnen drogenofhängeg Fraen daagsiwwer e puer Stonnen zur Rou kommen. Zënter engem Mount gëtt et d'Struktur vum CNDS. Hiren Direkter Raoul Schaaf gëtt Erkläerungen.

auto_stories

3 min

headphones

11 min

Raoul Schaaf, Direkter vum CNDS | © Morgane Weidig play_arrow
Raoul Schaaf, Direkter vum CNDS (Foto: Morgane Weidig)

Am Abrigado war op Initiativ vu Mataarbechterinnen an op Demande vu Konsumentinnen ee Grupp entstanen, an deem si sech an engem geschützte Raum austausche kënnen. Dorauser wier dann d'Demande komm, no enger Struktur fir richteg aus dem Milieu erauszekommen, erkläert den Direkter vum CNDS Raoul Schaaf. 

"Net grad do, wou ech wunnen"

Op d‘Fro, wéi schwéier et war, eng Plaz fir dës Struktur ze fannen, seet de Raoul Schaaf, datt d'Situatioun ëmmer déi selwecht ass, wann een an engem Beräich mat vulnerabele Persoune schafft.

"Dann ass jiddweree frou, datt ee mat de Leit schafft a sech ëm d'Leit këmmert, awer am beschten net grad do, wou ech wunnen, oder net grad an deem Quartier, wou ech sinn."

De Raoul Schaaf schwätzt awer vun enger exzellenter Zesummenaarbecht mat de politesch Responsabele vun der Stad Lëtzebuerg, fir eng passend Plaz ze fannen.

Zënter engem Mount ass d‘Struktur Marga am Neiduerf also elo op. An den éischten Deeg wieren direkt 3 bis 4 Frae kucken. An Tëschenzäit géifen all Dag eng 7 bis 8 Frae kommen.

Wat alles méiglech ass, wa Mënschen zur Rou kommen

D‘Struktur ass just daagsiwwer zougänglech. Dat wier och do, wou d‘Demande gewiescht wier. Vill vun de Frae schaffen nuets a wëllen dann daagsiwwer raschten, gëtt de Raoul Schaaf ze verstoen.

An der Struktur kënnen déi Frae sech och ëm hir administrativ Demarche këmmeren a sech an engem geschützte Raum austauschen.

"Et gesäit een, datt wa Mënschen d'Méiglechkeet hunn, fir zur Rou ze kommen, da sinn op eemol Saache méiglech, déi ee virdrun net fir méiglech gehalen hätt."

Am Marga gëtt et och d‘Méiglechkeet an der Infirmerie intravenéis ze consomméieren. Bis elo hätt awer nach keng Fra dës Méiglechkeet benotzt.

Datt d‘Struktur am Neiduerf ass an net zum Beispill op der Gare, wier och éischter vu Virdeel, erkläert den Direkter vum CNDS: D‘Fraen, déi dës Struktur notzen, hätte schonn eng gewësse Stabilitéit erreecht. Et wier deemno wichteg, raus aus dem Milieu ze kommen.

Schminkatelier: D'Méiglechkeet kréien, eng Mask unzedoen

Eng Offer, déi op den éischte Bléck klischeehaft wierke kéint, ass den Atelier de Maquillage. Et hätt een awer d'Erfarung gemaach, datt deelweis immens sensibel Theemen ugeschwat ginn: Vill vun de Fraen hu vill Gewalt a sexualiséiert Gewalt erlieft, betount de Raoul Schaaf. Deen Atelier soll also engersäits d‘Méiglechkeet ginn, déi traumatesch Erliefnesser op eng aner Aart a Weis unzegoen. 

Et wier fir déi Fraen, déi dacks an der Prostitutioun sinn, och eng Méiglechkeet, eng Mask unzedoen, déi si och nees kënnen ausdoen. Et géif dobäi also och vill drëms goen, hirt Selbstbewosstsinn ze schützen, esou de Raoul Schaaf.

Interview mam Raoul Schaaf

Lauschterenplay_arrow