arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: Kënschtlech Intelligenz um Aarbechtsmarché verlaangt nei Kompetenzen

Chamber

|
headphones

1 min

Marc Spautz: Kënschtlech Intelligenz um Aarbechtsmarché verlaangt nei Kompetenzen

Kënschtlech Intelligenz géif den Aarbechtsmarché permanent veränneren, dofir wier et wichteg d'Leit mat Zäite richteg ze forméieren. Dat huet den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz um Mëttwoch an der Chamber op eng Fro vun der grénger Deputéiert Djuna Bernard geäntwert.

headphones

1 min

© Chambre des Députés
(Foto: Chambre des Députés)

Et wier wichteg de Leit déi Kënschtlech Intelligenz méi no ze bréngen, dofir géif d’ADEM elo scho Formatiounen am digitale Beräich ubidden, esou de Marc Spautz.

Dat géif awer nei Kompetenze verlaangen. 

"Déi Kompetenzen, dat ass dat, wat mir mam Up- a Re-Skilling wëllen an d'Wee leeden. An do ass et och wichteg, datt do all Hiewel a Beweegung gesat gëtt, fir datt dat ka reusséieren." 

Dofir géif een elo an eng besser Analys vum Aarbechtsmarché investéieren, esou den Aarbechtsminister. 

"Mat Big Data an analyteschen Outile gewanne mir genee d'Bild vun deem, wat vu Profiller gebraucht gëtt a wat d'Profiller sinn, déi haut do sinn, an datt, wann do Kompetenzlücken op engem oder aner Punkt sinn, datt mir dee konkreet kënne behiewen." 

D’Union Syndicale OGBL an LCGB hat d’Regierung dës Woch an engem Bréif opgefuerdert, datt beim Theema Kënschtlech Intelligenz d’Personaldelegatioun méi staark sollt agebonne ginn.

Esouwuel a Saache Formatioun mee och bei der Aféierung vu KI an de Betriber sollt d’Delegatioun matschwätze kënnen, sot de Patrick Dury gëschter am 100,7 Interview