No de ville Mesuren, déi den Donald Trump als neien US-President direkt decidéiert huet – dorënner d‘Erausklammen aus dem Paräisser Klimaaccord – waren am Europaparlament d‘Reaktioun dorop gëschter um Dënschdeg éischter zeréckhalend.
EU ass gréissten Handelspartner vun den USA
"Et muss een déi nei Administratioun guer net trëppelen, mee et muss een se op Aenhéicht ugoen." Dat waren d'Wierder vum Europadeputéierte Marc Angel am 100,7-Interview. D'EU wier schliisslech och "quelqu'un".
"Mir hu 450 Millioune Konsumenten. Mir hunn e Bannemaart. Mir sinn de gréissten Handelspartner mat den USA. An den Här Trump verhandelt jo gär. Mir si bereet ze verhandelen. Mir sinn do. Mir weise stäerkt."
Et dierft ee sech awer net un dem Donald Trump seng Politik gewinnen. Dat wier ganz wichteg, betount de Marc Angel. Den neien alen US-President géing dacks d'Grenz zum "Onerhéierte" iwwerschreiden.
"Mir musse Resistenz weisen. Mee dat muss net Attack sinn. Dat muss einfach Stäerkt sinn a soen: 'Jo, mir si bereet mat Iech ze verhandelen'. "
Och no anere Partner kucken
Et wier wichteg, datt Europa mat enger Stëmm géing schwätzen. Och do gëtt de rietse Bord awer ëmmer méi staark. De Marc Angel betount dofir, datt all déi pro-europäesch Partien zesummen mussen halen. "Wann déi sech eens sinn, da si mir staark", esou den LSAP-Politiker am 100,7-Interview. Europa misst sech och no aneren Alliéierten nieft den USA ëmkucken.
"Et ginn nach aner Puissancen op dëser Welt, wéi Kanada, wéi Australien, wéi Neuseeland an nach vill aner Länner, déi d'Demokratie héichhalen, déi eis Wäerter héichhalen. Ech mengen, wa mir do Leadership iwwerhuelen, da kënne mir méi staark si wéi mir mengen."
Europa dierft sech net selwer ënnerschätzen, seet de Marc Angel.
Neien Donald Trump: EU reagéiert zeréckhalend
Am EU-Parlament ass een deels geschockt iwwer d'Inauguratioun vum Donald Trump. Dernieft gëtt et Applaus vum rietse Bord. Eng europäesch Strategie iwwer den Ëmgank mam neie President ass nach net ze erkennen. Eis EU-Korrespondentin Danièle Weber huet déi éischt Reaktiounen aus dem Europaparlament zesummegedroen.