Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Manner eidel Geschäftsfläch wéi zejoert

Retail Rapport 2024

Manner eidel Geschäftsfläch wéi zejoert

Dem Retail Rapport vun der Luxembourg Confederation zesumme mat der Chambre de Commerce no gëtt et e Minus vun 0,4 Prozent. Bei der Zuel vun alle Point de Venten ass et dogéint e Plus vun iwwer 5 Prozent zanter 2019.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© MECO play_arrow
(Foto: MECO)

Et gi Gewënner a Verléierer am Lëtzebuerger Commerce, dat ass den éischte grousse Constat am Retail Rapport 2024. 

Bäcker a Metzler als Verléierer 

Zu de Verléierer gehéiert d'Liewensmëttelhandwierk mat Bäcker a Metzler respektiv dem Liewensmëttelhandwierk generell. Hei geet d'Zuel vun de Points de Venten däitlech erof. 

Liewensmëttelhandel a Baumäert als Gewënner 

De Mëttelstandsminister Lex Delles gesäit och Gewënner:

"Mir gesi bei de Gewënner, datt de Liewensmëttelhandel am meeschte bäigeholl huet, also d'Surfacen, wou Liewensmëttel verkaf ginn. Do hu mer iwwer 100 nei Verkafspunkten, wat e Plus vu 17,3% ass."

Aner Gewënner si Baumäert a Geschäfter, déi Accessoire fir Motorrieder verkafen.

Horeca-Secteur entwéckelt sech ongläichméisseg 

Eng ongläichméisseg Entwécklung huet den Horeca Secteur. D'Zuel vun de Restauranten ass zënter 2019 nëmme ganz liicht geklommen. Déi vun de Fast Food'en ass ëm iwwer 23 Prozent gewuess. Bei de Bistroen ass et e Minus vun 9 Prozent.

D'Tendenz, fir aus dem Stadkär eraus op d'Gréng Wiss ze goen, hält iwwerdeems weider un, wéi den Tom Baumert, den Direkter vun der Luxembourg Confederation, erkläert, datt an de Stadkären d'Flächen ofhuelen. 

Do si mir op 134.000, dat sinn dann eben 10% manner wéi nach viru fënnef Joer. Do gesäit een eben, dass, wéi esou den Trend aus der Mode erëmkënnt. Datt ee grouss Fläche brauch, déi fënnt een net onbedéngt an de Stadzentren. Op der anerer Säit hunn d'Centre-commerciauxen un 10% Fläch zougeluecht hunn.

Eidelstoend Geschäftsflächen huelen of 

Positiv notéiert gëtt, datt d'Surface vu Geschäfter, déi eidel stinn, ëm 0,4 Prozent erof gaangen ass. Déi Geschäftsfläch leeft eenegermoosse parallel mam Bevëlkerungswuesstem, sou d'Auteure vum Rapport, a beleeft sech momentan op 1,66 Meterkaree pro Awunner. Op europäeschem Niveau ass dat e vergläichsweis héije Wäert.

Lauschterenplay_arrow