Iwwerdeems manifestéieren Dausende Leit virun der franséischer Ambassade zu Tunis nodeems e Spidol am palestinensesche Gazasträif attackéiert gouf an d‘Attack knapp 500 Leit an den Dout gerappt huet. Si fuerderen datt de franséischen Ambassadeur heem geschéckt gëtt.
D‘Manifestante reprochéiere Frankräich an den USA, datt si Alliéierter mat den „Zioniste“ sinn. Och déi radikal Islamesch Organisatioun Hamas hunn de Mëtteg Washington beschëllegt „Kompliz vun de Massaker“ am Gazasträif ze sinn. Engem leschte Bilan vun der Hamas no wiere knapp 3.500 Leit bis ewell duerch Israeelesch Attacken am Gaza ëm d‘Liewe komm.
Reaktioune vum Wladimir Putin
D‘Attack op d‘Spidol zu Gaza wier eng humanitär Katastroph, sot dann de russesche President. Et misst als Zeeche gedeit ginn, dass dee Konflikt tëscht Israel an de Palestinenser misst gestoppt ginn.
De Vladimir Putin ass am Moment op offizieller Visitten a China an hat de Moien e Gespréich vun 3 Stonne mat sengem chineeseschen Homolog Xi Jing Ping. De russesche President sot duerno virun der Press, datt d‘Konflikter an der Welt d‘Relatiounen tëscht Moskau a Peking géife stäerken.