Radioen

On air

Spektrum  |  I Am Sea - What If

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Majoritéit vun de Venezuelaner stëmme fir eng Deel-Annexioun vu Guyana

Südamerika

Majoritéit vun de Venezuelaner stëmme fir eng Deel-Annexioun vu Guyana

De Venezuela soll d‘Regioun Essequibo, dat dem Nopeschstaat Guyana gehéiert, annektéieren. Dofir hu sech an engem Referendum 96 Prozent vun de Leit ausgeschwat, déi hir Stëmm ofginn hunn.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Jesus Vargas
Foto: picture alliance/dpa | Jesus Vargas

D‘Regioun, an der no Pëtrol gebuert gëtt, soll deemno zu engem venezuelanesche Bundesstaat mam Numm Guyana Esequiba ginn. D‘Populatioun géif déi venezuelanesch Nationalitéit kréien. De President Nicolas Maduro huet d‘Resultat viru Sympathisante gefeiert. Et ass awer nach net kloer, wat elo konkret wäert geschéien.

Den Internationale Geriichtshaff vun de Vereenten Natiounen hat scho virun all Interventioun gewarnt.

Den Territoire ass zanter méi laangem schonn ëmstridden. E mécht zwee Drëttel vun der Surface vu Guyana aus.