D‘Regioun, an der no Pëtrol gebuert gëtt, soll deemno zu engem venezuelanesche Bundesstaat mam Numm Guyana Esequiba ginn. D‘Populatioun géif déi venezuelanesch Nationalitéit kréien. De President Nicolas Maduro huet d‘Resultat viru Sympathisante gefeiert. Et ass awer nach net kloer, wat elo konkret wäert geschéien.
Den Internationale Geriichtshaff vun de Vereenten Natiounen hat scho virun all Interventioun gewarnt.
Den Territoire ass zanter méi laangem schonn ëmstridden. E mécht zwee Drëttel vun der Surface vu Guyana aus.