Radioen

On air

Notturno  |  Field Music - The Noisy Days Are Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Mafia-ähnlech Methoden": Sträit am Hesper Gemengerot eskaléiert

Oppositioun reagéiert

"Mafia-ähnlech Methoden": Sträit am Hesper Gemengerot eskaléiert

De Sträit am Gemengerot vun Hesper eskaléiert. De Buergermeeschter Marc Lies misst sech iwwerleeën, op hien net Plaz fir een Anere misst maachen. Dat mengt de Mathis Godefroid, Pirat am Gemengerot vun Hesper.

auto_stories

3 min

Hesper | © Wikimedia Commons

Hannergrond sinn d'SMSen, déi den CSV-Buergermeeschter un een Oppositiounsmember geschéckt soll hunn. Dora géif ënner anerem stoen: “Är Aktioun wäert Follge kréien...”.

Mathis Godefroid: Oppositioun gëtt bestroft fir eppes, wat si richteg gemaach huet

De Buergermeeschter hätt d’Vertraue vun enger ganzer Partie Conseillere gebrach an hie wéisst net, wéi ee sou als Gemeng nach kéint weider schaffen, esou de Mathis Godefroid weider.

Am Zesummenhang mam Recrutement vun enger Persoun, déi e familiäre Lien mam Buergermeeschter Marc Lies huet, wërft dësen der Oppositioun jo e Verstouss géint den Dateschutz fir. Dat, well se sech wéinst dem Recrutement un den Inneminister geriicht hunn, well déi Persoun net fir den Job qualifizéiert wier. Fir de Mathis Godefroid ass dee Reproche net ze verstoen.

Et hätt ee ganz kloer seng Aarbecht als Oppositioun gemaach, see de Mathis Godefroid. Et hätt een op eppes higewisen, dat net richteg gelaf ass, an de Minister hätt hinnen och Recht gin.

"An ech mengen, dass mir elo bestrooft gi fir eppes, wat mir richteg gemaach hunn, oder bezéiungsweis eis gëtt gedrot, well mir eppes gemaach hunn, wat richteg ass. 

E Huis clos géing fir de Gemengepolitiker vun der Piratepartei da keng legal Basis méi duerstellen: "Wa mir awer op eppes higewisen hunn, wat eng Prise de decision illegal ass, oder eng Prise de position illegale, dann ass fir mech dee Huis clos nulle."

Stephen de Ron: Marc Lies ass eis Erklärunge schëlleg

Konsequenzen iwwer SMS undreeën: Dat wiere Methode vun der Mafia, an net vun der Gemengepolitik zu Lëtzebuerg, esou och de Stephen de Ron vun de Gréngen.

Et géing een esou an den Eck gedréckt ginn, mee als Oppositoun wéilt ee keng Schlammschlacht. De Stephen de Ron betount, datt et der Oppositioun just drëm gaangen ass, e Feeler opzedecken. Elo wier de Virworf am Raum, et géing ee politique politicienne bedreiwen. 

"Ech soen do, mir hunn einfach eisen Job vun der Oppositioun gemaach, Mee lo, well mir eisen Job vun der Oppositioun gemaach hunn, hu mir Dateschutz violéiert. Also ech si jo selwer Affekot, an ech hätt da gären, dass de Marc Lies mir da genau erkläert, wat mir dann do lo alles violéiert hunn."

D’Oppositiounspartei LSAP huet de Bréif mat ënnerschriwwen, mee ware bis ewell fir eng Reaktioun net ze erreechen.

Rita Velazques: Buergermeeschter muss net zerécktrieden

D’Rita Velazques vun der LSAP, déi zu Hesper an der Oppositioun ass, steet weider zu hirer Kritik um Recrutement.

“Also ech soe just, datt dat wat mir gemaach hunn a mengen Aen ganz richteg war. Mir waren objektiv, well mir hunn d'Kandidaturen all gekuckt, an dat ass och ons Aarbecht – d’Schäffen ze kontrolléieren. Ech fannen Demokratie ass wichteg. Do sëtzt de Buergermeeschter eis wierklech ënner Drock. An wann den Buergermeeschter mengt, hie soll dat maachen an en hält dat fir richteg, dann soll en dat maachen.”

D'Rita Velazques ass iwwerdeems net der Meenung, datt et zu engem Recktrëtt vum Buergermeeschter misst kommen.