Am Plaz vum Fakten-Check sollen d‘User:inne selwer, an de Kommentaren, op eventuell falsch oder illegal Contenuen hiweisen. De META-Chef Mark Zuckerberg sot, domat géife seng Plattformen nees méi fräi ginn. De Fakten-Check vu bis elo géif dacks enger Zensur gläich kommen.
Den Elon Musk hat de Fakten-Check ofgeschaaft wéi hien Twitter kaf an zu X ëmbenannt huet.