Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luca Mathias: Onkloer ob d'Temperature kuerz iwwer de Gefréierpunkt klammen

Meteolux

Luca Mathias: Onkloer ob d'Temperature kuerz iwwer de Gefréierpunkt klammen

D’Previsioune vu gëschter Owend, also den Äisree queesch uechtert d’Land bis de Mëtteg zwou Auer. Déi sinn och esou agetrueden, bestätegt de Luca Mathias. Aktuell géif moderaten, gefréirende Reen am ganze Land erofgoen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Glëtz play_arrow
(Foto: Glëtz)

Onkloer ass, wéi et am Norde vum Land, no zwou Auer, weider geet, erkläert de Luca Mathias vu Meteolux. Do kéinten déi negativ Temperaturen, also och gefréierende Ree weider bestoe bleiwen.

Ënnerschiddlech Modeller

D’Modeller géifen dobäi ausernee goen.

"Den haapt-Ënnerscheed ass, datt deen ee Modell beispillsweis mat den Temperaturen ëm null, liicht ënner null bleift, och lo fir de Rescht vum Dag. An dann eben am Laf vum Owend geet et dann däitlech ënner null erof. Den anere Modell geet dann am Laf vum Nomëtteg am Süde vum Land geet et da liicht an e positive Beräich, een zwee Grad am positiven."

Gefor vu gefréierendem Reen

Déi puer Grad kennen den Ënnerscheed vum Impakt maachen, betount de Luca Mathias. Wann d’Temperaturen ënner null bleiwen, da bleift et geféierlech, well dann och weider gefréierende Ree fält.

"An dann eben och d’Quantitéiten déi mer hunn u Reen, dat ginn dann deck Äisoflagerungen déi dann doduerch och zustan kommen."

Och mat Schnéi ze rechnen

Haut an der Nuecht ka sech d’Wieder nees änneren. Net onbedéngt an eng méi agreabel Richtung.

"Ab Mëtternuecht, respektiv no Mëtternuecht, zitt déi Front, déi aktuell iwwert eis ass, déi kennt da vun Nordwesten nach eng kéier zréck, an an zitt da Richtung Süd-Osten, iwwert d’Land ewech. Dat bis muer de Mueren 10 Auer, an am Süde bis 12. Da wier mat Schnéi ze rechne wärend där Period."

Am Süde kéint ee mat 2-5 cm Schnéi rechnen, an am Éisleck mat maximal ëm 10 Zentimeter.

Lauschterenplay_arrow