Radioen

On air

Notturno  |  The Bures Band - Birds Nest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden haut op Visitt beim Ursula vun der Leyen

EU-Kommissioun

Luc Frieden haut op Visitt beim Ursula vun der Leyen

No senger Aarbechtsvisitt zu Paräis gëschter gëtt de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden haut zu Bréissel vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen empfaangen.

auto_stories

1 min

Dat Treffen ass fir 1 Auer de Mëtteg geplangt. De Premier wéilt do ënner anerem verschidden Dossieren uschwätzen, déi um nächsten EU-Sommet am Dezember op der Dagesuerdnung stinn, sou ee Communiqué vum Staatsministère. 

Zu Bréissel begéint de Luc Frieden och säi belschen Homolog Alexander De Croo. Dat am Virfeld vum Benelux Sommet, deen haut zu Rotterdam ass.