Radioen

On air

Notturno  |  GracieHorse - What I'm Missing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden zu Budapest: "Onkloer wat den Donald Trump mat der Ukrain wëlles huet"

ZWEE SOMMETEN ZU BUDAPEST

Luc Frieden zu Budapest: "Onkloer wat den Donald Trump mat der Ukrain wëlles huet"

De Plang bannent 24 Stonnen de Krich op en Enn ze bréngen, hätt net geklappt, sou de Lëtzebuerger Premier um EPC-Sommet zu Budapest. Bis elo wier net kloer, ob d’EU misst hir Strategie par Rapport zur Ukrain adaptéieren.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Screenshot / European Union

Et wier wichteg, datt Europa sech no de Walen an den USA koordinéiert, dat sot de Premier Luc Frieden um Donneschdegmoien, wéi hien zu Budapest ukoum. 

An der ungarescher Haaptstad gesi sech haut déi ronn 50 Staats- a Regierungscheffe vun der sou genannter "Europäescher Politescher Communautéit." Vun en Donneschdegowend un ass een informelle Sommet mat de 27 Staats- a Regierungscheffen aus der EU. 

Den ungaresche Premier Viktor Orban presidéiert déi zwou Reuniounen. Hien hat gëscht eng nei europäesch Strategie par Rapport zur Ukrain gefuerdert. Nom Ausgang vun de Walen an den USA d’Konditiounen hätte sech d’Konditioune geännert an d’EU misst sech froen, ob si eleng kéint dee finanziellen Opwand packen,  

Éischt nolauschteren, dann eventuell adaptéieren

Sollt den Donald Trump "eng aner Schinn ewéi de President Biden fueren, wier et logesch, datt Europa muss seng Äntwert adaptéieren", sou de Luc Frieden. 

Et wier bis elo awer net kloer, wat den Donald Trump en vue vun der Ukrain wëlles huet.

"Ech mengen net, datt Amerika e groussen Interêt huet, datt d'Ukrain einfach vu Russland absorbéiert gëtt. An duerfir géing ech mer fir d'éischt gären héieren, wat Amerika zu där Fro dann elo seet. An dann adaptéiere mir de Recht. Mee et ass kloer, datt Amerika an der Ukrain an deem Konflikt eng ganz important Roll gespillt huet a wäert spillen."

Op d’Fro, wéi hie reagéiere wäert, am Fall wou de Viktor Orban de frësch gewielten Donald Trump um Sommet per Video bäischalte wëll, sot de Premier:

"Ech sinn e grousse Fan vun der Demokratie a vum Dialog. An ech fannen et muss ee mat jidderengem schwätzen, och wann ee seng Meenungen net deelt. An der "Europäescher Politescher Communautéit" sinn eng ganz Rei, deenen hir Meenungen, ech net total deelen, mee mat deenen en awer muss schwätzen."

Ursula von der Leyen: Et kann een op d'Erfarunge mam Trump opbauen

Fir de Recht gouf allgemeng probéiert, den Donald Trump als amerikanesche President wëllkomm ze heeschen, als een, deen ee scho kennt. 

D’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen freet sech drop, zesumme mat him dorun ze schaffen, déi transatlantesch Relatioun ze verstäerken. Si hätt schonn Erfarung mat him, dorop kéint een opbauen.

Marc Rutte: Den Donald Trump hat a verschiddene Punkten och Recht

A gudder Erënnerung huet den Mark Rutte, deemools hollännesche Premier an elo NATO-Gerneralsekretär den Donald Trump - deen hätt nämlech dofir gesuergt, datt d’Länner méi Suen an hir Defense stiechen. An hien hätt Recht, wann en elo seet, dat zwee Prozent vum PIB nach ëmmer net duerginn.

Lauschterenplay_arrow