Radioen

On air

Spektrum  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden wëll ungaresch Presidence net boykottéieren

ORBAN OP “FRIDDENSMISSION”

Luc Frieden wëll ungaresch Presidence net boykottéieren

De Lëtzebuerger Premier confirméiert, datt de Viktor Orban him ee Rapport no senger Visitt a Russland an a China zoukomme gelooss huet. Do stoung näischt Neits dran, esou de Luc Frieden. Direkt Konsequenzen aus deem ungareschen Alleingang dränge sech fir hien awer net op.

auto_stories

3 min

Luc Frieden | © picture alliance/dpa | Harald Tittel

Et war ee politesche Feeler op Moskau ze fueren, sou gëtt de Conseils-President Charles Michel an der Financial Times zitéiert. Hien hätt, esou de Belsch, an zéng Joer nach keng esou eng staark Reaktioun op eng Handlung vun engem Memberstaat gesinn. Eng ganz Partie hate virun allem um soziale Reseau „X“ d‘Visitt vum Viktor Orban beim ukrainesche President Wolodymir Zelensky an nach méi déi beim russesche President Wladimir Putin schaarf kritiséiert.

Lëtzebuerger Premier hält sech mat Kritik zeréck

D’Reaktioun vum Lëtzebuerger Premier Luc Frieden fält op eis Nofro éischter onopgereegt aus.

"Den Här Orban ass op eng Missioun gaangen, als Premierminister vun Ungarn an a kengem Fall als Vertrieder vun der europäescher Unioun."

Eng EU-Presidence géing et engem net erlaben am Numm vun der EU ze schwätzen, dat Recht hätten eleng de President vum Europäesche Conseil an den EU-Ausseboeptraagten, sou de Premier.

Kee Gespréich mam Conseilspresident

De Charles Michel hat der Financial Times géintiwwer gesot, hie géif um Nato-Sommet matt den EU-Leaderen doriwwer schwätzen, wéi een elo soll virufueren.

"Sou ee Gespréich huet bis elo net stattfonnt", sot um Donneschden Owend eiser Zäit de Luc Frieden. Um Nato-Sommet wieren dem Viktor Orban seng Reese weider keen Thema gewiescht, sou och nach de Premier. Hien huet confirméiert, datt hien, wéi de Viktor Orban datt géintiwwer der Press annoncéiert hat, ee Rapport vum ungaresche Premier iwwert deem seng Visitte krut.

Orban-Rapport bréngt keng nei Erkenntnisser

Dat wier Näischt, wat déi aner gefrot hunn, ma och näischt Anormales, dat ee Regierungschef iwwert eng Rees bericht, wou Saache beschwat goufen, déi déi aner eppes uginn, seet de Premier.

Eppes Neits wier een an dësem Fall awer net gewuer ginn.

"Par ailleurs steet och an deene Berichterstattungen näischt, wat extreem hëllefräich gewiescht wier an deem Sënn, datt op deene Plazen, wou hie war, sinn aus menger Sicht keng nei Erkenntnisser zum Virschäi komm. Déi eenzel Interlocuteuren hunn dat gesot, wat och largement dobausse scho bekannt ass."

Matenee schwätzen aplaz vu Boykott

D’EU-Ambassadeuren haten e Mëttwoch de Sujet ugeschwat. Verschiddene Sourcen no gouf do Ungarn u seng Rechter a Flichte wat den Optrëtt no bausse wärend der EU-Presidence ugeet, erënnert. Och d’Iddi, zukünfteg Reuniounen am Conseil vun de Ministeren ze boykottéieren a just eng zweet Garde dohin ze schécken, , gouf ugeschwat.

Fir de Luc Frieden awer drängen sech elo keng esou eng Konsequenzen op.

“Wann esou eppes géing geschéien, misst dat europäesch organiséiert ginn. Ech hale vu Boykotter generell ganz wéineg”.

A Plaz dovu misst ee matenee schwätzen, seng Meenung soen, dat wier méi hëllefräich, sou nach de Premier.

Iwwert eng koordinéiert europäesch Äntwert op dem Viktor Orban seng Alleingäng ass iwwerdeems bis elo näischt bekannt.

 

Aktualitéit
Europa
Europawalen