Radioen

On air

Notturno  |  Alabama Shakes - Shoegaze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden reservéiert par Rapport zu externe Léisunge fir Asylpolitik

EU-Sommet

Luc Frieden reservéiert par Rapport zu externe Léisunge fir Asylpolitik

Extern Léisungen an der EU-Migratiounspolitik ewéi Centre fir Retouren oder awer Asylprozeduren ofzewéckelen, wiere “schwéier an der Praxis ëmzesetzen”, seet de Luc Frieden am Virfeld vum EU-Sommet. D’EU misst awer déi illegal Migratioun besser an de Grëff kréien.

auto_stories

3 min

Foto: European Union

D’Migratioun ass ee vun den Haaptsujeten haut um EU-Sommet, wou d’Staats-a Regierungscheffen ënner anerem och eng Entrevue mam ukrainesche Wolodymir Zelensky hunn.

Et wier wichteg, datt d’EU déi illegal Migratioun an de Grëff kritt. Soss géif och d’Asylpolitik an der EU kee Sënn maachen, sou de Premier Luc Frieden virum EU-Sommet. Dowéinst misst een sech all Optiounen, déi um Dësch sinn, och ukucken.

Luc Frieden: “Allen Iddien nolauschteren”

Vun externe Léisungen, wéi zum Beispill Centre baussent der EU, fir vun do aus Migranten, deenen hir Demande d’Asyl refuséiert goufen, aus der EU an hir Heemechtslänner zeréck ze schécken, ass de Premier net begeeschtert.

"Ech fannen an enger schwiereger Debatt muss een all Iddie mol nolauschteren. Duerfir mengen ech, et soll een do sech net verschléissen. Mee ech hunn nach net richteg verstane wéi dat an der Praxis soll fonctionéieren.  An ech mengen, datt dat an der Praxis wäert ganz schwiereg sinn."

Et wier senger Meenung no méi einfach, déi Leit, déi kee recht op Asyl an der EU hunn, direkt an hir Hierkonftslänner zeréckzeschécken.

"Duerfir mengen ech och, datt d'Retourpolitik mat der Visapolitik a mat der Kooperatiounspolitik muss verbonne ginn. Datt ee mat all deene Länner zesummeschafft."

Och bei der Iddi, wéi Italien dat elo ausprobéiert, Migranten an een Drëttland ze féieren, fir do hir Asylprozedur ofzewéckelen, ass de Premier skeptesch.

"Och dat ass an der Praxis ganz schwiereg. Dat ass e bilaterale Pilotprojet. Ech sinn awer och do bereet mer dat unzekucken."

Migratiounspak séier ëmsetzen

De Premier huet ënnerstrach, datt d’Protektioun vun de Baussegrenze funktionéiere muss - fir d’Bannegrenzen ze schützen - also de Schengenraum dee fir Lëtzebuerg ganz wichteg wier.

Fir de Luc Frieden ass d’Migratioun ee ganze Pak an dee Migratiounspak, dee schonn decidéiert gouf, mat enger ganzer Partie Mesuren, misst elo séier ëmgesat ginn.

Dat hunn och aner Staats- a Regierungscheffen, wéi zum Beispill den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz, bei hirer Arrivée zu Bréissel betount.

“Opt-out” keng Optioun

Aus deem Pak wëlle jo awer e puer Länner erausklammen - notamment Ungarn an Holland. Si hu bei der Europäescher Kommissioun eng Demande fir een “Opt-Out” gemaach.

Dovun hält de Luc Frieden näischt.

"Dat ass selbstverständlech keng Optioun. Déi Demande ass par ailleurs rechtlech net méiglech. Souwäit ech dat ka gesinn, ass dat net virgesinn. Et kann een net en Opt out vun där dote Politik maachen."

Hien hätt scho mam Beneluxpartner doriwwer geschwat. Do misst elo d’Europäesch Kommissioun kucken, wéi et viru geet. Eventuell misst och den Europäesche Geriichtshaff tranchéieren. Ma sou wäit wier een nach net, bis elo léich jo just ee Bréif mat enger Demande vun deenen zwee Länner vir, präziséiert de Premier.  

Aktualitéit