Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
search

/ Luc Frieden condamnéiert Juddenhaass: "Inakzeptabel an enger fräier, toleranter Gesellschaft"

Chamber

Luc Frieden condamnéiert Juddenhaass: "Inakzeptabel an enger fräier, toleranter Gesellschaft"

De Premier a seng Regierung wéilten alles dofir maachen, datt Antisemitismus zu Lëtzebuerg net op fruchtbare Buedem fält. Dat sot de Luc Frieden um Dënschdegmëtteg an der Chamber.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Chambre des députés play_arrow
Foto: Chambre des députés

An der Froestonn un d’Regierung um Dënschdegmëtten an der Chamber goung ënner anerem rieds iwwer Antisemitismus. Op eng Fro dozou vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana huet de Luc Frieden geäntwert, datt Juddenhaass ze condamnéiere wier. 

“Ech condamnéieren och am Numm vun der Regierung ausdrécklech all Beschmotzung vu Monumenter, vu Gedenkplazen, wéi dat och viru kuerzem zu Miedernach stattfonnt huet. Dat ass absolut inakzeptabel an enger fräier, toleranter Gesellschaft.”

“Keng Kenntnis” huet de Luc Frieden vun engem Opruff zum Boykott vu Firmen, déi israeelesch Produiten importéieren: De Premier sot dat op eng Fro hi vun der CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler. Et géif ee generell Boykottopriff condamnéieren, well déi keng Léisung wieren, sou de Luc Frieden.

Lauschterenplay_arrow