D’Cellule de crise an déi concernéiert staatlech Servicer hätten d’Situatioun awer weiderhin am Grëff. Wee genee hannert der Attack stécht, wollt de Premier net soen.
"Ech fannen dat à ce stade inopportun. Besonnesch well eis Servicer amgaange sinn, déi noutwenneg Moossnamen ze huelen, datt dat ka gestoppt ginn. An zweetens fannen ech et inopportun, well déi, déi do hannert esou Operatioune stinn, wëllen eng gewësse Publicitéit hunn, an déi Publicitéit wëlle mir hinnen net ginn."
Dem Direkter vum CTIE Patrick Houtsch no géing een d‘Erfarung, déi ee bei dëser Attack gesammelt hätt, notzen, fir zukünfteg Attacken ofzewieren. Aus enger Attack géing een ëmmer dobäi léieren. Viru Jore wier dat och schonn de Fall gewiescht.
"Dat sinn technesch Moossnamen, awer och ganz vill organisatoresch Moossnamen, a mir hu gesinn, datt dat gutt fonctionéiert wéi mir opgestallt sinn. Et ass awer och sou, aus all Incidenten an aus all Kris léiert een an et wäert hei och sou sinn, datt wann dat heite bis iwwerstanen ass, datt mir eis zesummesëtzen an der Configuratioun vum Expertegrupp a mir wäerten iwwerleeën, ob alles gutt fonctionéiert huet an ob mir Saache kënne besser maachen."