Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Giel Alerte wéinst Héichwaasser un der Musel

D'Waasserverwaltung mellt

Giel Alerte wéinst Héichwaasser un der Musel

D'Alerte gëllt nach bis muer de Mëtteg 4 Auer. Op all den anere Plazen am Land goufen d‘Warnungen opgehuewen – komplett Entwarnung gëtt et awer nach net.

auto_stories

1 min

headphones

4 min

© Adobe Stock play_arrow
Foto: Adobe Stock

Am Norden an am Süde vum Land kéint wéinst dem Reen d‘Iwwerschreide vun der côte d‘alerte e Mëttwoch an en Donneschdeg net ausgeschloss ginn, esou nach d‘Waasserverwaltung. Meteolux warnt iwwerdeems fir de Mëtteg viru staarkem Wand. Wéinst Wandvitessen tëscht 70 a 90, a lokal bis 100 Kilometer an der Stonn, gëllt eng giel – also déi niddregst – Warnung fir dat ganzt Land, an dat tëscht 12 Auer de Mëtteg an nach bis 6 Auer den Owend.

Den Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung huet haut am 100,7-Interview de Point gemaach. Nom staarke Reen um Sonndeg. Besonnesch d’Uelzecht ass tëscht Miersch an Ettelbréck staark geklommen. Op der Musel ginn d’Stänn an den nächsten Deeg nach weider an d’Luucht, ouni datt awer e kritesche Seuil wäert erreecht ginn.

Am 100,7-Moiesstudio hu mir de Point mam Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung gemaach.

Lauschterenplay_arrow