search

/ Logement, KI an Energietransitioun: D'Jonk Demokrate stellen eng Rei u Fuerderungen

Jugendpartei

|
reading time

1 min

Logement, KI an Energietransitioun: D'Jonk Demokrate stellen eng Rei u Fuerderungen

D’Jonk Demokraten hunn op hirem Nationalkongress gefuerdert, datt de Staat an d’Gemenge weiderhin eng wichteg Roll am Beräich vum Logement iwwerhuele sollen. Parallel sollen awer och d’Konditioune geschaf gi fir privat Investissementer ze fërderen.

reading time

1 min

Nationalkongress vun de Jonken Demokraten (2025) | © Carole Schimmer
Nationalkongress vun de Jonken Demokraten (2025) (Foto: Carole Schimmer)

En zweete Punkt am Fuerderungskatalog vun de Jonkdemokraten ass d’Schafe vun enger weltwäiter Agence fir déi kënschtlech Intelligenz, nom Modell vun der Atom-Energie-Agence. Dat fir sécherzestellen, datt déi Technologie dem Mënsch déngt an net géint hien agesat soll ginn.

Schlussendlech fuerderen d’Jonkdemokraten eng Reform bei de Promotiounskrittären um Niveau vum Enseignement Secondaire General. D’Zil misst et sinn d’Schüler "méi realistesch ze orientéieren an d’Defiziter besser opzefänken".

Ee weidere Sujet ass d’Energie-Transitioun, déi der JDL no misst acceleréiert ginn.