Radioen

On air

Notturno  |  Sylvia - Sweet Stuff

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Cargo-Handling um Findel: D'Gewerkschafte warne virun engem Sozialkonflikt

LUXAIR-CARGO

Cargo-Handling um Findel: D'Gewerkschafte warne virun engem Sozialkonflikt

Zanter Méint sinn d’Mataarbechter vu Luxair Cargo ongewëss iwwert hir Zukunft. Mëttlerweil ass decidéiert ween d'Handling-Aktivitéiten iwwerhëlt. An engem gemeinsame Communiqué kritiséieren d’Gewerkschaften LCGB, OGBL an ngl-snep elo awer d’Verhale vun der neier Transportministesch a warne virun engem gréissere Sozialkonflikt um Findel.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Enn September hu knapp 500 Manifestanten um Findel de Rond-Point blockéiert. De Grond: d’Luxair-Direktioun hat am Mee decidéiert, d’Cargogeschäfter, also Frachtfliigere vum Passagéiergeschäft ze trennen – an huet dunn net bei enger Ausschreiwung fir d’Lizenz fir de Cargohandling matgemaach. D’Salariéen an hir Gewerkschaften hu gefaart, datt et zu Verschlechterunge vun hiren Aarbechtsbedingunge géif kommen. Zanter Mee wéissten déi 1.200 Aarbechter net, wéi et fir si weidergeet, esou de Paul de Araujo vum LCGB.

D‘Personal wéisst zanter Mee net, wéi et mat hiren Aarbechtsplazen an den Aarbechtskonditioune viru géif goen.

De François Bausch hëlt d'Yuriko Backes a Schutz

D’Kritik riicht sech ënnert anerem un déi nei DP-Mobilitéitsministesch. Wéinst der extreemer Urgence hätt ee scho virun e puer Wochen eng Entrevue bei der Ministesch gefrot, mee et wier nach keen Datum festgeluecht, heescht am gemeinsame Communiqué vum LCGB, OGBL an ngl-snep. De fréiere grénge Mobilitéitsminister Francois Bausch seet awer, seng Nofollgerin hätt an där Hisiicht näischt falsch gemaach.

„Do gëtt et gesetzlech Virgaben. An och en europäesche Kader, an dee beseet, datt fir d‘éischt mol mussen all déi Avisen era sinn. An alles dat huet misse virleien iert d’Ministesch konnt op Urode vun dem Bedréiwer vum Flughafen, vu LuxAir Port konnt eng Decisioun huelen.“

D'Gewerkschafte wëllen elo d'Detailer klären

Um Dënschdeg dann huet déi nei DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes ugekënnegt, et hätt een elo zwou Firmen eng Lizenz ausgestallt.

„Jo ech si vu Luxairport gebrieft ginn. Hei si mir am Kader vun enger procédure ouverte européenne. Lux-Airport ass d'entité gestionnaire. Si hunn d'Kandidaturen analyséiert, a mir recommandéiert, deenen zwou Gesellschaften d'Lizenz auszestellen."

Dat begréisst de Paul de Araujo vum LCGB. Elo kéint verhandelt ginn, mee mat weem?

Op der enger Säit ass Luxcargo Handlung S.A.– eng Filial vun der CargoLux. Mat där hätt ee schonn un engem Dësch gesat, esou de Paul de Araujo vum LCGB, mat der Viraussetzung, datt Luxcargo Handling d’Lizenz géif kréien. D‘Gewerkschaften hätten och eng Zouso gehat, datt dës Entitéit prett fir wier d‘Personal ze iwwerhuelen. Elo misst ee sech awer nach eng Kéier mat all de Bedeelegten zesumme setze fir den Detail ze klären, och mat der Luxair.

Luxair a Cargolux gi vun engem reiwungslosen Transfert aus

De Richard Forson, Direkter vu Cargolux huet an engem Communiqué matgedeelt, datt hee dovun ausgeet, datt den Iwwergang vum Personal reiwungslos géif oflafen.

Och de Luxair-Direkter Gilles Feith huet sech op eis Nofro hi geäussert. Elo wou d‘Lizenzen attribuéiert sinn, géif d‘Luxair kucken, d‘Transitioun ze organiséieren, fir datt de Cargo Handling ouni Ënnerbriechung um Findel ka weider geféiert ginn.

Op der anerer Säit krut och déi griichesch Firma Goldair Handling eng Lizenz. Ënnert deenen hiren 120 Clienten, wéi et um Site heescht, sinn och Fluggesellschaften wéi easyJet, Lufthansa oder nach Quatar airlines. 5.000 Leit géife fir si schaffen an et géif een op 31 Flughäfen den Handling iwwerhuelen, heescht et nach weider um Site. Bis ewell war d’Direktioun vu Goldair Handling nach net fir eng Stellungnam ze erreechen. Vun der Säit vum LCGB heescht et, et wier een nach net a Kontakt mat der Firma gewiescht.

Lauschterenplay_arrow